Den Iwwerbléck vum internationale FuttballHamburg verléiert déi zweet Kéier hannerteneen 0:5

RTL Lëtzebuerg
Lille iwwerhëlt no der Victoire géint Troyes d'Tabelleféierung vun der Ligue 1. An England steet de Manchester-Derby um Programm.
© JAN WOITAS/dpa Picture-Alliance via AFP

An der portugisescher Liga spillt den Owend um 19 Auer Benfica Lissabon mam Leandro Bareiro géint Gil Vicente.

Bundesliga

Leipzig - Hamburg 5:0
1:0 Gomis (17'), 2:0 Nusa (28'), 3:0 Orban (72'), 4:0 Nkunku (74'), 5:0 Romulo Cardoso (77')

Den HSV erlieft bannent enger Woch den zweeten Debakel - mam selwechte Resultat. D'Ekipp vum Trainer Merlin Polzin huet no dräi Spilldeeg nach ëmmer kee Gol geschoss a steet mat Gladbach um Enn vun der Tabell. Dobäi haten d'Hamburger gutt ugefaangen, mee nom éischte Schoss koum Leipzig besser an de Match a gouf kuerz drop mat engem Gol belount. Spéitstens nom drëtte Gol war d'Mass gelies an d'Gäscht sinn ausernee gefall.

Elversberg - Bayern München (17:30 Auer)

LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Bundesliga

Premier League

Manchester United - Manchester City (17:30 Auer)

LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Premier League

Serie A

Neapel - Bologna (18:00 Auer)

LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Serie A

Ligue 1

Lille - Troyes 2:0
1:0 Santos (18'), 2:0 Mbappé (90'+3)

Mat der Victoire spréngt Lille laanscht Monaco a Rennes op déi éischt Plaz. Troyes bleift bei véier Punkten, steet awer mat Plaz 11 véier Plaze virum grousse PSG.

LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Ligue 1

La Liga

Levante - FC Barcelona (16:15 Auer)

LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO