Lëtzebuerger Futtballer am AuslandJeeweils eng Virlag an dräi Punkte fir de Leandro Barreiro an de Florian Bohnert

Jeff Birsens
E Samschdeg huet de Leandro Barreiro an der portugisescher Liga säin nächste Scorerpunkt gesammelt a mat Benfica dräi Punkte geholl.
© Foto von PATRICIA DE MELO MOREIRA / AFP

Samschdeg

De Leandro Barreiro huet e Samschdeg mat Benfica eng 3:1-Victoire géint de GD Estoril Praia gefeiert. De Lëtzebuerger Nationalspiller war vun Ufank un am Asaz a konnt de Gol zum tëschenzäitlechen 2:0 fir den Evangelos Pavlidis virbereeden. De Griich huet op dësem Owend mat engem Dräierpack brilléiert. An der Tabell steet Benfica weider op der drëtter Plaz hannert Sporting an dem Leader Porto, dee bei enger eegener Victoire den Ecart vun 10 Punkten nees hirstelle kann.

D’Resultater aus der Liga Portugal.

Ee Gol virbereet huet och de Florian Bohnert an der franséischer Ligue 2. Fir den SC Bastia gouf et hei eng wichteg 1:0-Victoire géint Grenoble, duerch déi een nees Hoffnung op den Uschloss kann hunn. An der Tabell steet d’Ekipp vu Korsika aktuell op der leschter Plaz, elo mat engem Réckstand vu fënnef Punkten op d’Relegatiounsplaz.

Freideg

E Freideg den Owend gouf et fir den Anthony Moris mat Al Khaleej e battert 2:2-Gläichspill géint d’Tabelleschlussliicht Al Najma. De Veräin vum Lëtzebuerger Golkipp konnt en 0:1-Réckstand dréinen, huet dann awer nach a leschter Minutt e Géigegol kasséiert.

Back to Top
CIM LOGO