
Am däitschen DFB Pokal war en Dënschdeg den Owend den Optakt vun den Aachtelsfinallen. An déi nächst Ronn huet et St. Pauli mam Lëtzebuerger Danel Sinani gepackt. De Veräin aus der Bundesliga, deen am Championnat néng Matcher noenee verluer huet, huet gewisen, datt een nach gewanne kann. Géint Borussia Mönchengladbach gouf et eng 2:1- Victoire. Fir St. Pauli ass et eréischt déi siwente Kéier, datt een an der Véierelsfinall vum DFB-Pokal steet. De Kaars (43') an den Oppie (83') hate fir d’Gäscht getraff. Fir d’Borussia hat den Tabakovic (56') tëschenduerch fir den Ausgläich gesuergt. Den Danel Sinani war an der 89. Minutt agewiesselt ginn.
Am Spëtzematch vum Owend ass Leverkusen e Gol an der éischter Hallschent duergaangen, fir sech an den Aachtelsfinalle vum DFB Pokal mat 1:0 géint Borussia Dortmund duerchzesetzen. Fir Dortmund, déi sech de Weekend an der Bundesliga mat 2:1 géint Leverkusen behaapt haten, ass domadder wuel déi eenzeg realistesch Chance op en Titel an dëser Saison geplatzt.
De Maza hat an der 34. Minutt eng vun de wéinege Chancë vum Gewënner vun 2024 genotzt fir d’Wierkseelef a Féierung ze bréngen. Op Dortmunder gesäit gouf et vereenzelt gutt Chancen, dat kuerz virun der Paus an och nach emol kuerz viru Schluss, ma um Enn huet dat néidegt Duerchsetzungsverméige gefeelt.
Leipzig ass senger Favoritteroll géint Magdeburg aus der 2. Bundesliga gerecht ginn an huet eng 3:1-Victoire gefeiert.
Am 2.-Liga-Duell tëscht Hertha BSC a Kaiserslautern gouf et eng kloer 6:1-Victoire fir d’Lokalekipp.
An Italien steet Juventus Turin duerch eng 2:0-Victoire géint Udinese an de Véierelsfinalle vun der Coppa Italia. Fir d’Goler hunn den David an der 23. Minutt an de Locatelli per Eelefmeter an der 68. Minutt gesuergt.
An der Premier League huet sech fir den Optakt vum 14. Spilldag Manchester City auswäerts mat 5:4 géint Fulham behaapt. ManCity louch no 44 Minutten no Goler vun Haaland (17'), Reijnders (37') a Foden (44') mat 3:0 am Avantage. Sekonne virun der Paus konnt de Smith Rowe (45+2') op 1:3 verkierzen. No der Paus hunn d’Gäscht weider gedréckt an esou konnt een d’Féierung dann och ausbauen. De Foden (48') huet eng weider Kéier markéiert an de Berge (54') huet mat engem Selbstgol fir de 5:1 gesuergt. Trotz dem schlechte Start an déi zweet Hallschent ass et Fulham gelongen, fir d’Partie nach emol spannend ze maachen. Duerch Goler vun Iwobi (57') a Chukwueze (72' an 78') ass een nämlech nach emol op 4:5 erukomm. De King hat an der aachter Minutt vun der Nospillzäit nach de 5:5 um Fouss, ma de Gvardiol konnt de Ball nach vun der Linn krazen. Esou ginn et um Enn dräi Punkte fir ManCity.
Fir den Haaland war et iwwregends den 100. Gol a sengem 111. Match an der Premier League. Bis ewell war et kengem Futtballer gelongen, fir 100 Goler an esou wéineg Matcher ze schéissen. De fréiere Rekordmann Alan Shearer hat 124 Matcher gebraucht.
LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Premier League
Fir de Kont vum 14. Spilldag am spuenesche Championnat konnt sech Barcelona iwwer eng 3:1-Victoire géint Atlético Madrid freeën. No engem Gol vum Baena an der 19. Minutt konnt d’Ekipp vum Flick de Match dréinen. De Raphinha hat an der 26. Minutt op 1:1 gesat. No der Paus huet den Olmo an der 65. Minutt Barca a Féierung bruecht. Fir d’Decisioun huet den Torres an der 90+6' Minutt gesuergt.
Mat der Victoire festegt Barcelona d’Féierung an der Tabell. Fir Atlético ass d’Serie u Victoiren no siwen offiziell Matcher gerass.
LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der La Liga
En Dënschdeg den Owend gouf zu Madrid a Spuenien och d’Finall vun der Nations League bei den Damme gespillt. Hei bleift den Titel a Spuenien. D’Weltmeeschterinnen hu sech virun enger Rekordkuliss vun 58.000 Fans am Retourmatch mat 3:0 (0:0) géint Däitschland duerchgesat. Den Allersmatch war nach 0:0 ausgaangen. D’Goler hunn en Dënschdeg den Owend d’Pina (61' / 74') an d’Lopez (68') geschoss. Däitschland muss domadder weider op den éischten Titel zanter dem Olympiagewënn 2016 zu Rio waarden.