Den Iwwerbléck vum internationale FuttballLeverkusen wënnt Derby zu Köln, Leader Lazio léisst Punkte leien

Jeff Birsens
An der däitscher Bundesliga huet Leverkusen e Sonndeg den Derby zu Köln gewonnen. An Italien dogéint gouf et fir den Tabelleleader Lazio just ee Punkt.
De Patrik Schick (lénks) huet de wichtegen 2:0 an der Schlussphas geschoss.
© Foto von ROLF VENNENBERND / DPA / DPA PICTURE-ALLIANCE VIA AFP

E Sonndeg stoungen am internationale Futtball nach eemol déi lescht Matcher virun der Lännermatchpaus um Programm.

An Italien huet den Tabelleleader Lazio Roum beim SSC Neapel just 1:1 gespillt a muss dowéinst fäerten, datt den Ecart un der Spëtzt op den Zweeten nach e Sonndegowend op ee Punkt verréngert gëtt. Ëm 18 Auer huet Inter Mailand nämlech an der Partie géint Como d'Chance, opzeschléissen.

Brighton heescht den neien Tabellenzweeten an der Premier League. Duerch en 2:0-Succès e Sonndeg géint Brentford konnt ee vun der Defaite vu Manchester City profitéieren an an der Tabell laanschtzéien. Brighton ass doduerch elo mat fënnef Punkten de Verfollger Nummer 1 vum Leader Arsenal.

An der däitscher Bundesliga huet Leverkusen dann eng 1:0-Victoire am Derby zu Köln gefeiert an a Frankräich bleift Lille duerch en 2:1 zu Rennes weider zwee Punkten hannert dem Tabelleleader PSG drun.

Bundesliga

Köln - Leverkusen 2:1
0:1 Garcia (7'), 2:0 Schick (86'), 2:1 El Mala (90+2')

Leverkusen huet den Derby zu Köln duerch ee fréie Gol gewonnen. Schonn no siwe Minutte war dem Aleix Garcia duerch een direkte Fräistouss den 1:0 gelongen, no deem d'Spectateuren een ëmkämpften an ausgeglachene Match ze gesi kruten. Och an der zweeter Hallschent war d'Partie weider vu villen Zweekämpf gepräägt. De Patrik Schick huet dann awer mam 2:0 fir Kloerheet gesuergt. Zwar sollt dem El Mala nach an der Nospillzäit den Uschlossgol geléngen, dat koum awer ze spéit, fir nach ee méigleche Comeback ze feieren. Duerch déi dräi Punkte bleift Leverkusen weider op d'mannst indirekt um Spëtzegrupp vun der Tabell drun.

Freiburg - Union Berlin (17:30 Auer)

LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Bundesliga

Premier League

Brighton - Brentford 2:0
1:0 Gomez (15'), 2:0 Groß (42'),

Brighton huet sech mat engem 2:0-Succès géint Brentford op déi zweet Tabelleplaz laanscht Manchester City gesat. Den Diego Gomez hat de Ball mat engem Sonndesschoss onhaltbar an de Wénkel geschoss an d'Lokalekipp domadder schonn no 15 Minutten a Féierung bruecht. E puer Minutte méi spéit hunn d'Gäscht dann och nach eng Rout Kaart gesinn. Kuerz virun der Paus war et dann de Pascal Groß, dee vum Eelefmeterpunkt äiskal bliwwen ass an op 2:0 erhéije konnt. Dat sollt um Enn fir déi dräi Punkten duergoen.

Crystal Palace - Liverpool 1:3
0:1 Mac Aliister (40'), 0:2 Wirtz (54'), 0:3 Isak (89'), 1:2 Nketiah (90+5')

Sunderland - Chelsea 1:0
1:0 Le Fee (36')

Manchester United - Aston Villa (17:30 Auer)

LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Premier League

Serie A

Neapel - Lazio Roum 1:1
0:1 Frattesi (28'), 1:1 Pedraza (48')

Neapel huet dem Tabelleleader Lazio ee Punkt ofgeknäppt. De Gaascht vu Roum war no enger knapper hallwer Stonn duerch e Gol vum Davide Frattesi a Féierung gaangen. Kuerz no der Paus war et dann awer den Alfonso Pedraza, deen no enger géignerescher Flank de Ball onglécklech selwer an de Gol geleet huet. Um Enn sollt dat den Haushäre vun Neapel, déi net gutt an d'Saison gestart sinn, fir de Remis duergoen. De Virsprong vu Lazio un der Tabellespëtzt kann donieft nach um Sonndeg op ee Punkt falen, falls Inter de Match ëm 18 Auer géint Como wanne sollt.

Genua - AC Mailand 1:2
0:1 Cissé (13'), 0:2 Pulisic (19'), 1:2 Ellertsson (88')

Monza - Atalanta 0:1
0:1 Krstovic (49')

Inter Mailand - Como (18:00 Auer)

LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Serie A

Ligue 1

Rennes - Lille 1:2
0:1 Diaoune (24'), 1:1 Dia (31'), 1:2 Ngoy (68')

Lille bleift duerch eng 2:1-Victoire zu Rennes weider zwee Punkten hannert dem Leader PSG drun. De Soriba Diaoune huet d'Gäscht e Sonndeg a Féierung bruecht, ma just siwe Minutte méi spéit war et de Boulaye Dia, deen op 1:1 ausgläiche konnt. Den decisiven 2:1 ass da vum Nathan Ngoy nom Säitewiessel an der 68. Minutt markéiert ginn.

Brest - Lyon (17:15 Auer)

LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Ligue 1

La Liga

Elche - Betis Sevilla 0:2
0:1 Riquelme (81'), 0:2 Bartra (89')

San Sebastian - Rayo (16:15 Auer)

LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO