
Ronn 5 Kilometer leien tëscht deene béide Futtballsterraine vum FC Mamer 32 an der UNA Strassen. An Zukunft wëlle béid Clibb nach méi enk zesummeschaffen. Fir déi nei Saison hunn déi zwee Nopeschveräiner eng Fusioun am nationalen Damme-Futtball annoncéiert. Aus dem FC Mamer 32 gëtt d’Entente Mamer-Stroossen, déi dann an der neier Saison 2026/27 an der ieweschter Divisioun am nationalen Damme-Futtball spillt.
Den FC Mamer 32 gouf bei den Damme 4 Mol Champion a konnt 6 Mol d’Coupe de Luxembourg gewannen. Aktuell steet d’Ekipp ronderëm d’Kapitänin Betty Noël no 12 Spilldeeg mat 15 Punkten op der 7. Plaz an der 1. Divisioun vun den Dammen.