
Real Madrid deet sech weider schwéier. E Mëttwoch den Owend hunn déi Kinneklech an der Champions League mat 1:2 géint Manchester City de Kierzere gezunn. Real war an der Ufanksphas déi besser Ekipp, ma ManCity konnt duerch zwou Standardsituatiounen de Match dréinen an huet um Enn verdéngt gewonnen. Real war um Enn ze harmlos. Duerch dës weider Néierlag dierften d’Diskussioune ronderëm den Trainer Xabi Alonso nach méi grouss ginn.
Benfica Lissabon konnt sech iwwer ee verdéngten 2:0 géint Neapel freeën. Op Säite vun de Portugisen huet de Lëtzebuerger Leandro Barreiro den 2:0 markéiert. Fir Benfica war et déi zweet Victoire an der Ligaphas. Bei nach zwee Spilldeeg, déi ze spille bleiwen, steet een op Plaz 25, dat mat engem Punkt Retard op Kopenhagen. D’Ekippen op de Plaze 24 bis 9 qualifizéiere sech fir de Playoff.
Tëscht Leverkusen an Newcastle gouf et een 2:2-Remis. D’Wierkseelef kann um Enn frou sinn, datt een nach ee Punkt doheem behalen huet. Nodeems een an der Paus a Féierung louch, huet Newcastle an den zweete 45 Minutten de Match gedréint an huet déck Golchancë leiegelooss, ier de Grimaldo kuerz viru Schluss nach den 2:2 geschoss huet.
En 2:2-Remis gouf et och fir Borussia Dortmund géint Bodo/Glimt. De BVB louch duerch Goler vu Brandt zweemol a Féierung, ma konnt dës net verdeedegen.
Arsenal hat dogéint beim 3:0 keng Problemer zu Bruges. Déi Londoner bleiwen domadder ongeschloen a kënne quasi scho fir d’Aachtelsfinalle plangen.
De franséische Champion PSG ass net iwwer een 0:0-Remis géint Bilbao erauskomm. Paräis konnt sech an der zweeter Hallschent villverspriechend Chancen erausspillen, ma ass ëmmer nees um Simon an un der Lat gescheitert. Bilbao huet de Remis iwwer d’Zäit gerett, bleift an der Tabell awer weider am hënneschten Drëttel. Juventus huet Pafos 2:0 geklappt an dierf sech mat der zweeter Victoire noeneen nees méi Chancen op Weiderkommen ausrechnen.
An de fréie Partië vun e Mëttwoch huet Ajax Amsterdam déi éischt Victoire gefeiert, dat duerch ee 4:2 bei Qarabag a Kopenhagen war Villarreal 3:2 iwwerleeën.
An der Tabell steet Arsenal weider op der éischter Plaz mam Maximum vun 18 Punkten. Bayern an de PSG stinn op de Plazen hannendru mat dräi respektiv fënnef Punkte Retard. Déi éischt aacht Ekippe qualifizéiere sech direkt fir d’Aachtelsfinallen.
Real Madrid - Manchester City 1:2
1:0 Rodrygo (28'), 1:1 O’Reilly (35'), 1:2 Haaland (43')
D’Partie tëscht Real Madrid a Manchester City war direkt voll lancéiert. An der 2. Minutt hat et scho bal een Eelefmeter fir Real ginn, ma de Foul vum Nunes um Vinicius Junior war knapp virum Strofraum. Béid Ekippen hu sech och duerno näischt geschenkt an d’Zweekämpf ware ganz ëmkämpft. Real Madrid war der besser Ekipp an ass an der 28. Minutt verdéngt mat 1:0 duerch de Rodrygo a Féierung gaangen. Duerno huet de Match gedréint. Déi kinneklech hunn et net méi fäerdeg bruecht, fir sech weider Chancen erauszespillen a Manchester City, déi bis dohinner offensiv schwaach waren, hunn duerch zwou Standardsituatiounen d’Partie gedréint. An der 35. Minutt war et den 1:1 duerch den O’Reilly. An der 43. Minutt huet den Haaland vum Punkt op 2:1 gesat, dat nodeems hie vum Rüdiger ze fest ugehale gi war.
Och an der zweeter Hallschent war et eng animéiert Partie tëscht béide Formatiounen an et ass ëmmer nees hin an hier gaangen. Déi éischt Chance gouf et an der 50. Minutt fir Real. De Bellingham ass am Strofraum fräi zum Ofschloss komm, ma huet de Ball kloer iwwer de Gol gesat. Nëmmen zwou Minutte méi spéit gouf et eng gutt Occasioun fir ManCity, ma de Courtois hat keee Problem mam Schoss vum Cherkis. Duerno huet sech Real awer schwéier gedoen, fir sech weider Chancen erauszespillen. D’Gäscht stoungen defensiv ganz stabil an hu kaum eppes zougelooss. An der Schlussphas hunn déi Kinneklech nach emol alles probéiert, fir de Match nach emol kënnen ze dréinen. An der 84. Minutt hat den Endrick awer just d’Lat mat sengem Kappball getraff a fir de Rescht ass et ManCity gelongen, fir Real vum Gol ewechzehalen an esou de Match mat 2:1 ze gewannen. Um Enn ass et eng verdéngt Victoire.
Bayer Leverkusen - Newcastle 2:2
1:0 Bruno Guimaraes (Selbstgol, 13'), 1:1 Gordon (51'), 1:2 Miley (74'), 2:2 Grimaldo (88')
Benfica Lissabon - Neapel 2:0
1:0 Rios (20'), 2:0 Leandro Barreiro (49')
Dortmund - Bodo/Glimt 2:2
1:0 Brandt (18'), 1:1 Aleesami (42'), 2:1 Brandt (51'), 2:2 Hauge (75')
Juventus Turin - Pafos 2:0
1:0 McKennie (67'), 2:0 David (73')
Bruges - Arsenal 0:3
0:1 Madueke (25'), 0:2 Madueke (47'), 0:3 Martinelli (56')
Ath Bilbao - PSG 0:0
Qarabag - Ajax 2:4
1:0 Duran (10'), 1:1 Dolberg (39'), 2:1 Matheus Silva (47'), 2:2 Gloukh (79'), 2:3 Gaaei (83'), 2:4 Gloukh (90')
Villarreal - Kopenhagen 2:3
0:1 Elyounoussi (2'), 1:1 Comesana (47'), 1:2 Achouri (48'), 2:2 Oluwaseyi (56'), 2:3 Cornelius (90')
Klickt hei, fir op d’Resultater, d’Statistiken an d’Ekippe vun der Champions League ze kommen.