
De Marco Martino an d’US Hueschtert gi vun elo u getrennte Weeër, dat huet de Veräin op RTL-Nofro hi confirméiert. Den Interim mécht de Sportdirekter Henri Bossi bis d’Wanterpaus, éier dann en neien Trainer gesicht gëtt.
E Samschdeg huet Hueschtert 0:2 zu Wolz verluer a waart zanter dem 5. September op eng weider Victoire am Championnat.
D’Ekipp aus dem Gréngewald steet no 14 Spilldeeg op der 12. Plaz an der Tabell, dat punktgläich mam aktuelle Barragist Rëmeleng.
Déi lescht Partie an der Hironn spillt Hueschtert den nächste Sonndeg doheem géint de Stater Racing.