RTL-Interview mam Laura Miller"D'Ernennung als Co-Kapitänin ass eng enorm Unerkennung fir mech"

Yannick Gross
Schonn e puer Joer ass d'Laura Miller Kapitänin vun de Roude Léiwinnen. Zanter dëser Saison ass d'Mëttelfeldspillerin elo och Co-Kapitänin vum 1.FC Nürnberg an der Däitscher Damme-Bundesliga. Dat bréngt méi Responsabilitéit mat sech.
© RTL Lëtzebuerg

Am Mee 2025 war d’FLF-Kapitänin Laura Miller vum Standard Léck op Nürnberg an Däitschland gewiesselt. Zweemol a véier Joer hat d'Lëtzebuergerin virdrun an der Belsch d'Coupe gewonnen, ier si den nächste Schratt an der Karriäre gewot hat.

"Ech wollt eigentlech guer net an d'Bundesliga goen. Mäin Zil war et am Ufank an d'spuenesch Liga ze wiesselen. Mäi Beroder huet mech dunn awer ëmgestëmmt an an d'Bundesliga dirigéiert. Schlussendlech war et awer de richtege Choix. Et huet eng enorm Visibilitéit an d'Intensitéit ass och méi héich, wéi an der Belscher Liga beispillsweis."

No der Nationalekipp ass d’Laura Miller elo virun dëser Saison och Co-Kapitänin vun Nürnberg ginn. Si deelt sech dës Tâche mat der Co-Equipier Nastassja Lein. Virauszegesi war dës Ernennung virun der Saison fir d'Mëttelfeldspillerin awer net onbedéngt:

"An der éischter Saison hat ech am Fong guer net d'Gefill, datt ech an esou engem Rôle an der Ekipp wier. Et sinn awer och vill Spillerinne gaangen an dat huet natierlech och dozou bäigedroen, datt ech e bësse méi Verantwortung iwwerholl hunn. Dat huet een dann och am Grupp an um Terrain gesinn."

Responsabilitéit ze iwwerhuelen, ass immens wichteg als Kapitänin. Dat ass beim Laura Miller net anescht. D'Tatsaach, datt si aus dem Grand-Duché kënnt a vill Sprooche schwätzt, ass do sécherlech ee Virdeel:

"D'Ernennung als Co-Kapitänin ass einfach eng enorm Unerkennung fir mech. Dat bedeit jo och, dass d'Traineren a mir eng gewësse Leadership-Roll an och Charakter-Eegenschafte gesinn, déi néideg sinn, fir esou ee Rôle ze iwwerhuelen. D'Experienz, déi ech an der Nationalekipp oder bei Léck gemaach hunn, huet awer warscheinlech och zu hirem Choix bäigedroen. An net ze vergiessen, de Fakt, datt ech Lëtzebuerger sinn a vill Sprooche kann, dat hëlleft natierlech och."

De méi grousse Reportage iwwer d’Laura Miller beim 1.FC Nürnberg mat weideren Aussoe vun der FLF-Kapitänin gesitt Dir dann den nächste Méindeg an der Emissioun Gol.

Back to Top
CIM LOGO