
Wolz huet géint Hueschtert mat 2:0 gewonnen a konnt den Ofstand op Hueschtert an op d'Net-Ofstigsplaze verkierzen.
An der 1. Hallschent hunn d'Gäscht besser ugefaangen. Hueschtert koum direkt geféierlech virun de Wëlzer Gol. Den 1:0 sollt an der 18. Minutt awer fir d'Heemekipp falen. De Bosquin hat de Reciputi an Déift geschéckt, dee keng Problemer hat, den 1:0 ze markéieren. An der Suite hu sech béid Formatiounen am Spill no Vir schwéier gedoen an et goung mam knappe Wëlzer Avantage an d'Kabinnen.
Hueschtert koum mat vill Elan aus der Paus, d'Ofschlëss waren awer net präzis genuch. D'Heemekipp konnt dovu profitéieren an ass duerch de Bosquin 2:0 (64') vir komm. Vun de Gäscht koum ze wéineg, fir d'Partie nach eng Kéier ze dréinen. Fir Wolz war et den zweeten Erfolleg vun der Saison.
________________________________________________
________________________________________________
________________________________________________
Klickt op de Match, fir op de Replay an de Liveticker ze kommen.