No massivem Ofbrenne vu PyrotechnikMatch tëschent Ajax Amsterdam a Groningen muss ouni Fans widderholl ginn

RTL Lëtzebuerg
An der hollännescher Eredivisie hat de Match tëschent dem Rekordmeeschter Ajax a Groningen e Sonndeg no knapp 6 Minutte mussen ofgebrach ginn.

Grond heifir war de massiven Asaz vu Pyrotechnik a Knupperte vun den Ajax-Ultras. Den Arbitter hat d’Partie uganks nach fir eng 40 Minutten ënnerbrach, duerno awer komplett annuléiert. An de soziale Reseauen huet de Veräin selwer sech bei alle Geschiedegten entschëllegt an de Virfall als “skandaléis” bezeechent. D’Sécherheet vun de Spectateuren a vun de Spiller wier a Gefor bruecht ginn. Et hätt ee mat Hëllef vu Sichhënn nach virum Match d’Fans aus dem concernéierte Block vum Stadion op Freedefeier a Knupperten duerchsicht, mee trotzdeem hätt een d’Situatioun net kënne verhënneren. Et wéilt een elo mat Hëllef vu Kamera-Opnamen déi Schëlleg identifizéieren an och rechtlech Schrëtt aleeden.

Den hollännesche Futtballsverband huet decidéiert, datt d’Partie vum 14. Spilldag en Dënschdeg um 14.30 Auer soll nogeholl ginn, allerdéngs ouni Spectateuren.

© PETER LOUS/NurPhoto via AFP

Back to Top
CIM LOGO