
Et ass elo confirméiert, dass den däitsche Futtballspiller Niclas Füllkrug de Veräin wiesselt. Dat ass um offizielle Site vun der Serie A ze liesen. Hie gëtt elo fir déi zweet Hallschent vun der Saison vum englesche West Ham an Italien un den AC Mailand ausgeléint. Um Enn vun der Saison kéinten d’Italieener den däitsche Stiermer fir 13 Milliounen Euro kafen.
Fir de Füllkrug ass et nom ongléckleche Kapitel an England eng nei Chance, fir sech fir de Kader vun der däitscher Nationalekipp fir d’Weltmeeschterschaft ze recommandéieren.