"The Best FIFA Football Awards"Ousmane Dembélé an Aitana Bonmati sinn d'Weltfuttballer 2025

Jeff Birsens
En Dënschdeg den Owend huet d'FIFA zu Doha am Katar d'Weltfuttballerin an de Weltfuttballer vum Joer 2025 ausgezeechent.
Paris Saint-Germain's French forward #10 Ousmane Dembele reacts during the French L1 football match between Paris Saint-Germain (PSG) and Stade Rennais FC at the Parc des Princes stadium in Paris on December 6, 2025. (Photo by FRANCK FIFE / AFP)
© AFP

Bei den Hären ass de prestigiéise Präis un den Ousmane Dembélé gaangen, dee mam PSG an der leschter Saison d’Champions League wanne konnt. Bei den Dammen huet d’Aitana Bonmati vum FC Barcelona de Präis fir déi drëtte Kéier gewonnen. Béid Gewënner waren am September och scho mam Ballon d’Or ausgezeechent ginn.

Donieft goufen och nach weider Präisser verdeelt.

Welttrainer

Als beschten Trainer vum Joer gouf de Luis Enrique vum PSG ausgezeechent, dee seng Ekipp zum Champions-League-Titel gefouert huet. Beschten Trainer vun den Damme war d’Sarina Wiegman, déi mat der englescher Nationalekipp den EM-Titel gefeiert huet.

Weltgolkipper

De Präis fir de beschte Golkipp vum Joer ass un den Gianluigi Donnarumma vu Manchester City gaangen. Den italieenesche Golkipp konnt ënner anerem d’Champions League gewannen a war am Summer da vum PSG an England gewiesselt. Bescht Golkipperin vum Joer war d’Hannah Campton vum FC Chelsea. Déi 25 Joer al Englännerin huet mat de Blues den Triplé gewonnen a mat den Three Lions d’Europameeschterschaft.

Bescht 11

Bei den Hären hunn et follgend Spiller an déi bescht 11 vum Joer gepackt: Gianluigi Donnarumma - Nuno Mendes, Virgil van Dijk, Willian Pacho, Achraf Hakimi - Pedri, Vitinha, Jude Bellingham, Cole Palmer - Ousmane Dembélé, Lamine Yamal

Bei den Damme gesäit déi bescht 11 vum Joer sou aus: Hannah Hampton - Ona Batlle, Irene Paredes, Leah Williamson, Lucy Bronze - Patricia Guijarro, Aitana Bonmati, Claudia Pina - Alexia Putellas, Alessia Russo, Mariona Caldentey

Marta-Präis

De schéinste Gol vum Joer huet bei den Dammen d’Lizbeth Ovalle geschoss. Am Mäerz hat d’Spillerin vum UANL Tigres géint Chivas Guadalajara mat engem sougenannte “Scorpion-Kick” an de laangen Eck getraff.

Puskas-Präis

Bei den Hären huet de Santiago Montiel de Präis fir de schéinste Gol vum Joer krut. Per Fallrückziher aus gutt 20 Meter huet de Spiller vun Independiente dem Golkipp keng Chance gelooss.

Fair-Play-Präis

De FIFA-Fair-Play-Präis gëtt all Joer un eng Persoun ginn, déi e virbildlecht Fair-Play-Verhalen um Terrain oder nieft dem Terrain gewisen huet. Dës Auszeechnung ass dëst Joer fir den Dr. Andreas Harlass-Neuking vum FC Jahn Regensburg. Bei engem Championnatsmatch zu Magdeburg hat hien e Supporter reaniméiert, deen op der Tribüun zesummegebrach war.

Fan-Präis

De FIFA-Fan-Präis ass 2025 fir d’Supporter vum SC Zakho aus dem Irak. Virum Championnatsmatch géint Al-Hudood den 13. Mee hate si dausende vu Petzien op den Terrain geheit, déi dan agesammelt an u Kanner mat schwéieren Erkrankunge gespent goufen.

Back to Top
CIM LOGO