
Fir de Florian Bohnert an den SC Bastia geet et an der Coupe de France net méi weider. Den Tabelleleschten aus der Ligue 2 huet sech an der 1/16-Finall géint Troyes, de Leader aus der selwechter Liga, misse mat 0:2 geschloe ginn. An der éischter Hallschent war de Gaascht vun Troyes mat 1:0 a Féierung gaangen an duerch eng Rout Kaart kuerz no der Paus war Bastia quasi déi ganz zweet Hallschent an Ënnerzuel. Um Resultat war also näischt méi ze réckelen. De Florian Bohnert stoung de ganze Match iwwer um Terrain.
An der italieenescher Serie B gouf et dann nach eng 3:1-Victoire fir den FC Venedeg géint Reggiana, bei där de Seid Korac vun der Bänk aus net an den Asaz komm ass.