Urteel gefallPSG muss dem Kylian Mbappé ronn 60 Milliounen Euro bezuelen

Franky Hippert
Am Futtball ass de PSG verurteelt ginn, sengem fréiere Spiller Kylian Mbappé knapp 61 Milliounen Euro ze iwwerweisen.
© Foto von JOSE BRETON / NURPHOTO / NURPHOTO VIA AFP

Dat huet en Aarbechtsgeriicht zu Paräis en Dënschdeg an éischter Instanz decidéiert. Dee Montant sinn d‘Paien an d‘Bonussen, déi de Club aus der franséischer Haaptstad nach ze bezuelen huet, fir déi Zäit, an där de franséischen Nationalspiller an aktuelle Spiller vu Real Madrid nach bei Paris Saint Germain ënner Kontrakt stoung.

Dëst Urteel géif weisen, datt och am Futtball déi Engagementer déi een ageet, musse respektéiert ginn, heescht et vun de Beroder vum Mbappé. De PSG huet nach net decidéiert, ob ee géint dëst Urteel vum Aarbechtsgeriicht an Appell geet.

Dem Kylian Mbappé seng Affekoten iwwer d'Urteel vum Paräisser Aarbechtsgeriicht.
De PSG muss dem franséischen Nationalspiller nodréiglech 61 Milliounen Euro iwwerweisen.

Back to Top
CIM LOGO