Um Mëttwoch den Owend stounge fir de Kont vum 13. Spilldag nach 7 Partien um Programm.
An der Spëtzepartie huet Stroossen 3:1 géint Déifferdeng d’Iwwerhand behalen. An der éischter Hallschent hu béid Ekippe sech am Spill no vir schwéier gedoen a sech kaum Offensivaktiounen erausgespillt. Mat der éischter richteger Méiglechkeet ass d’Heemekipp duerch de Perez kuerz virun der Paus a Féierung gaangen. Nom Téi war Stroossen déi besser Ekipp um Terrain an den Agovic huet seng Faarwen 2:0 vir bruecht. Réischt nom 2-Goler-Réckstand sinn d’Gäscht erwächt an hunn den Drock erhéicht. Dem Hadji ass den 1:2-Uschlossgol gelongen. Stroossen ass awer net nervös ginn a konnt 8 Minutte méi spéit duerch de Romeyns den 3. Gol markéieren. No der Victoire huet Stroossen an der Tabell just nach ee Punkt Retard op Déifferdeng.
Tëscht Rouspert an Diddeleng si keng Goler gefall. D’Gäscht waren iwwer déi 90 Minutten déi dominant Ekipp um Terrain, hunn de Ball awer net am Filet ënnerbruecht. Rouspert ass an der leschter Véierelsstonn méi staark ginn, och d’Heemekipp konnt awer net markéieren. Diddeleng verpasst domadder de Sprong op déi 3. Plaz an der Tabell.
Ënnenof huet Mamer duerch en 1:0 géint Hueschtert wichteg 3 Punkten an der Lutte géint den Ofstig gefeiert. De Jager huet géint Hueschtert den entscheedende Gol markéiert.
Den Detail vun all de Matcher kënnt Dir am RTL-Ticker noliesen.
Stroossen - Déifferdeng 3:1
1:0 Perez (45'), 2:0 Agovic (54'), 2:1 Hadji (78'), 3:1 Romeyns (86')
Mamer - Hueschtert 1:0
1:0 Jager (52', Eelefmeter)
Hesper - Munneref 1:2
0:1 Fournier (2'), 0:2 Issaka (75'), 1:2 Morabet (90+4')
Rouspert - F91 0:0
Péiteng - Jeunesse 0:0
Nidderkuer - Kanech 1:2
0:1 Rouffignac (4'), 1:1 Peugnet (42'), 1:2 Gomes (81')
Käerjeng - Rodange 3:1
0:1 Muzhaqi (21'), 1:1 Dieye (47'). 2:1 Bellali (56'), 3:1 Barbaro (83')