Champions LeagueWichteg Victoire fir Liverpool géint Inter a Bayern klappt Sporting

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg den Owend war an der Futtball-Champions-League den Optakt vum 6. Spilldag an der Ligaphas.
© MARCO BERTORELLO / AFP

An enger schwaacher Partie tëscht Inter Mailand a Liverpool hunn d’Reds an der 88. Minutt een Eelefmeter genotzt, fir d’Partie mat 1:0 ze gewannen a sech ganz wichteg dräi Punkten en vue vun enger méiglecher direkter Qualifikatioun fir d’Aachtelsfinallen ze sécheren.

Bayern München huet de Match géint Sporting Lissabon gedréint a sech mat 3:1 behaapt. No enger éischter Hallschent ouni Goler, sinn der direkt véier an den zweete 45 Minutte gefall. An der 54. Minutt hat de Kimmich seng Ekipp duerch e Selbstgol mat 0:1 a Réckstand bruecht. Den FCB huet duerno awer kuerze Prozess gemaach an duerch Goler vu Gnabry (65'), Karl (69') an Tah (77') d’Partie nach gewonnen.

De belsche Champion Royale Union SG huet sech no engem 1:0-Avantage misse mat 2:3 géint Marseille geschloe ginn. Atlético Madrid ass op Eindhoven mat 3:2 wanne gaangen.

Eng souverän 3:0-Victoire gouf et fir Tottenham géint Slavia Prag. Barcelona konnt de Match géint Frankfurt dréinen an dierft sech no 90 Minutten iwwer en 2:1 freeën. Frankfurt war direkt mat der éischter Chance duerch de Knauff a Féierung gaangen.

E knappen 1:0 gouf et fir Monaco géint Galatasaray Istanbul an Atalanta huet Chelsea mat 2:1 geklappt.

Den Optakt vum Spilldag huet d’Partie tëscht Almaty a Piräus gemaach. Wéinst der Zäitverschibung gouf dës Partie well um 16.30 Auer ugepaff, esou fréi wéi keen anere Match jee an der Champions League ugesat war. Um Enn huet sech Piräus mat 1:0 behaapt.

Den Detail vun de Matcher mat de Goler am Video

Inter Mailand - FC Liverpool 0:1
0:1 Szoboszlai (88')

Déi bescht Zeene vum Match Inter Mailand géint Liverpool

Tëscht Inter Mailand a Liverpool stoung et no den éischte 45 Minutten 0:0 gläich. Liverpool huet sech déi éischt hallef Stonn gefestegt an och emol mat geféierleche Golchancë presentéiert. An der 32. Minutt hat de Konaté dat ronnt Lieder mam Kapp eragesat, ma de Gol huet net gezielt, well de van Dijk bei senger Virlag mam Aarm um Ball war. Duerno ass de Momentum zu Gonschte vun Inter, déi bis dohinner wéinst muskuläre Problemer schonn den Calhanoglu duerch den Zielinski (11') an den Acerbi duerch de Bisseck (31') hate missen ersetzen, gekippt. Kuerz virun der Paus hat de Martinez déi beschte Chance, ma den Alisson am Gol vu Liverpool war op Zack a konnt paréieren.

Och no der Paus war et eng schwéierfälleg Partie, mat wéineg geféierleche Golchancen an d’Supporter sinn net mam attraktiivste Futtball verwinnt ginn. Souwuel d’Reds wéi och d’Nerazzurri sinn déi enger oder aner Kéier virun de géigneresche Gol komm an hunn et mat engem Ofschloss probéiert, ma dat ronnt Lieder ass op kenger Säit am Gol gelant. Kuerz viru Schluss sollt dunner awer nach e Gol falen an dat per Eelefmeter. Nodeems de Bastoni de Wirtz am Strofraum um Trikot gezunn hat, huet den Arbitter no Videobeweis op de Punkt gewisen. Hei huet de Szoboszlai souverän verwandelt an esou fir d’Victoire vu Liverpool gesuergt.

Den 1:0 vu Liverpool géint Inter Mailand

Bei nach zwee Spilldeeg, déi an der Ligaphas ze spille bleiwen, ass et eng ganz wichteg Victoire fir d’Reds. Duerch déi dräi Punkten huet een d’Top 8 an déi domadder direkt Qualifikatioun fir d’Aachtelsfinalle weider fest am Bléck. Inter Mailand bleift trotz der Néierlag an den Top 8.

Kairat Almaty – Olympiacos Piräus 0:1
0:1 Martins (73')

Bayern München – Sporting Lissabon 3:1
0:1 Kimmich (Selbstgol, 54'), 1:1 Gnabry (65'), 2:1 Karl (69'), 3:1 Tah (77')

De Resumé vun de Partien Almaty-Piräus a Bayern-Sporting

Atalanta Bergamo - Chelsea 2:1
0:1 Joao Pedro (25'), 1:1 Scamacca (55'), 2:1 De Ketelaere (83')

Monaco - Galatasaray 1:0
1:0 Balogun (68')

De Resumé vun de Partien Atalanta-Chelsea a Monaco-Galatasaray

Royale Union SG - Marseille 2:3
1:0 Khalaili (5'), 1:1 Paixao (15'), 1:2 Greenwood (41'), 1:3 Greenwood (58'), 2:3 Khalaili (71')

PSV Eindhoven - Atlético Madrid 2:3
1:0 Til (10'), 1:1 Alvarez (37'), 1:2 Hancko (52'), 1:3 Sorloth (56'), 2:3 Pepi (85')

De Resumé vun de Partië Royale Union SG-Marseille a PSV-Atlético

Barcelona - Frankfurt 2:1
0:1 Knauff (21'), 1:1 Kounde (50'), 2:1 Kounde (53')

Tottenham - Slavia Prag 3:0
1:0 Zima (Selbstgol, 26'), 2:0 Kudus (Eelefmeter, 50'), 3:0 Simons (Eelefmeter, 79')

De Resumé vun der Partie Frankfurt-Barca an Tottenham-Prag


All d’Resultater am Iwwerbléck an d’Tabell

Klickt hei, fir op d’Resultater, d’Statistiken an d’Ekippe vun der Champions League ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO