
Et war déi spannendst an interessantst Saison bei den Dammen zënter ville Joren. Iwwer déi ganz Saison 25/26 – Meeschterschaft wéi Coupe – hate sech Diddeleng, Käerjeng, Déifferdeng an de Museldall intensiv Matcher geliwwert. Um Enn konnte mat Diddeleng (Meeschter) a Käerjeng (Coupegewënner) awer déi gewinnt Ekippen d'Trophéeën an d'Luucht hiewen.
Och an der Saison 2026/27 wëllen d'Diddelenger Fiiss nees ganz uewe stoen – am léifsten a béide Kompetitiounen. Dass dat net sou einfach gi wäert, wéi sech vill Handballinteresséierter dat vläicht erwaart haten, huet de Supercup vum leschte Weekend op en Neits gewisen. Hei konnt Käerjeng zimmlech däitlech säin Titel aus dem Virjoer verdeedegen. Dass Déifferdeng mat senge ville Verstäerkungen och e Wiertchen ëm en Titel matschwätze wëll, ass wuel keng Iwwerraschung. An awer wäert wuel aus dem Véierkampf vun zejoert en Dräikampf ginn.
No enger "schwiereger Saison mat villen Ups and Downs" war de Mikel Molitor mam Meeschtertitel fir Diddeleng ganz zefridden. Et hätt een no enger Defaite ëmmer eng Reaktioun gewisen. Dat wär wichteg gewiescht. Op der Soirée des lauréats konnt sech den HBD doriwwer freeën, mat Caruso, Gambini a Willems dräi Spillerinnen am All-Star-Team ze hunn an och de beschten Trainer vun der Saison ze stellen.
An der Forge du Sud musse fir déi nei Saison d'Ofgäng vun der Kim Wirtz, Barbara Fangueiro, Valerie Gomes a kuerzfristeg Maria Borelli kompenséiert ginn. Nieft der Lola Scheuren an der Sarah Kupke ass nach d'Morgane Salvucci vu Yutz bei d'Fiiss gestouss. Domat hätt ee sech "gutt verstäerkt" an den "dënne Réckraum" aus der leschter Saison vergréissert. D'Joy Wirtz hätt duerch déi nei Nationaltrainerin Blutt geleckt, "fir nach eng Saison drunzehänken". Insgesamt versammelt den HBD elo zéng Nationalspillerinnen a senge Reien. Deemno ass d'Ausso vum Trainer Molitor net aussergewéinlech: "Mir striewen all Titel op nationalem Niveau un, dee mir kréie kënnen".
Juegd op Diddeleng wëlle virun allem d'Déifferdenger "Red Girls" maachen. Fir weider uewen unzegräifen, setzt de Kommitee op en änleche Prinzip wéi bei den Hären an zitt gréisstendeels Spillerinnen aus dem noe franséischen Ausland op Déifferdeng. Mat der Emma Barthel (Akademie vu Metz) an der rumänescher Profi Diana Damian (St. Louis) hu sech zwou interessant Lénkshännerinnen der Red Boys ugeschloss.
Den Ofgang vu Kupke a Scheuren soll mat der Laura Leick (Sierck-les-Bains) kompenséiert ginn. Vun der neier jonker Golkippesch Luna Riesterer dierf ee sech vill erwaarden. Déi jonk Golkippesch konnt beim U18-Turnéier am Juli géint d'Belsch a Groussbritannien mat gudde Leeschtungen op sech opmierksam maachen.
Op Wonsch vum neien Trainer Stéphane Mina bleift och d'Golkippesch Charlène Servant dem Veräin erhalen. Hie wär Pragmatiker a well een op dëser Positioun dënn besat wär, hätt de Kommitee der Spillerin eng zweet Chance ginn. Et hätt een eng "villverspriechend Preparatioun" hannert sech an hie wéilt déi "beschtméiglech Placéierung" erreechen. Weider Verstäerkungen am lénke Réckraum wären net ausgeschloss.
Onroueg Zäiten erlieft zënter Méint den HB Käerjeng. Wéi Enn Mee bekannt gouf, huet de Veräi mat engem grousse Scholdebierg ze kämpfen. Sechs Spillerinne konnten deelweis dowéinst net gehale ginn an och d'europäesch Participatioun gouf annuléiert. Mat der Daria Milek konnt op d'mannst eng wichteg Spillerin gehale ginn.
Mat der Fabienne Thiry wär ee scho méi laang am Gespréich gewiescht, wéi den Trainer Dan Mauruschatt verroden huet. Déi finanziell Situatioun wär generell "eppes Schwéieres", sot hie weider, mee an der Ekipp wär et kee grousse Sujet. Den Trainer vum Supercup-Gewënner mécht keen Heel draus, dass hie "kee risege Kader" hätt, mee dofir "gëtt ëmsou méi geschafft a gekämpft op den Traininger, fir dat ze kompenséieren".
Kuerzfristeg bei de Käerjenger Kader gestouss ass d'Spuenierin Andrea Lerena Colunga. Hir Qualitéite konnt ee scho beim Supercup bestaunen. Si huet fir d'lescht an der spuenescher División de Honor Plata gespillt an ass aus beruffleche Grënn mat hirem Partner, deen d'Käerjenger Hären ënnerstëtze wäert, op Lëtzebuerg komm.
Nodeems de Museldall déi viregt Saison quasi bis zum Schluss mat Diddeleng, Käerjeng an Déifferdeng mathale konnt, wäert sech d'Situatioun dës Saison an den Ae vum Trainer Ben Schuster ganz anescht duerstellen. "Et ass eng ganz nei Ekipp" an "et brauch Zäit"; dat waren ënner anerem d'Wierder, déi den neien Trainer gebraucht huet. Dat opgrond vum Ofgang vun der Anaïs Huberty op Yutz an dem Schlussstréch ënnert d'Spillerkarriär vu Carrara, Mackel, Hoffmann a Schneider. D'Raïssa Dapina ass zeréck a Frankräich gewiesselt.
Als Neizougäng konnt de Museldall bis elo zwee jonk Zwillinge vun Tréier an e bësse kuerzfristeg eng italieenesch Golkippesch an eng brasilianesch Réckraumspillerin vermellen. De Fortgang vun der Fabienne Thiry bleift weiderhin eng Baustell. No den Ziler gefrot, huet de Schuster dës Wierder gebraucht: "Ech mengen, dass et eng richteg schwéier Saison gëtt. Do muss vill zesummekommen." Mee "mir fänken elo mol kleng un".
Den Opsteiger Dikrech gräift mat der Verflichtung vu Sarah a Barbara Fangueiro op alle Fall d'Positioun vum Museldall als véiert Kraaft am Lëtzebuerger Dammen-Handball un. Houfreg ass een op den Transfert vun Diddeleng. "De Wee an den Norden ze fannen, ass net sou evident", freet sech de Philippe Hansen, deen a seng zweet Saison als Dammen-Trainer geet. Hie kann och op d'Kim Frauenberg zeréckgräifen, déi no der Uniszäit nees fir de Chev spille wäert. Als Zil fir d'nächst Saison huet den Hansen gemengt, dass Dikrech d'Saison 2025/26 als Fënneften ofgeschloss hätt a sech weider verbessere wéilt. Deemno wär Plaz 4 ugepeilt.
Beim HC Standard huet den Trainer Henri Mauruschatt d'Véronique an d'Nathalie Rischard vu senger fréierer Statioun Esch an d'Stad gelackelt. Ausserdeem stéisst mat der Joanne Rodesch eng bewäert Spillerin no hirem Studium nees bei d'Ekipp. D'Presidentin Diane Weimischkirch huet trotz dem klenge Kader déi begiert Plaz 4 nach net ganz opginn.
Handball-Lëtzebuerg hat sech no der spannender Saison 2025/26 fir déi nei Spillzäit wuel schonn op en Zweekampf tëscht Diddeleng an Déifferdeng agestallt, mee Käerjeng huet am Supercup gewisen, dass nach mat hinnen ze rechnen ass. Trotzdeem wäert wuel spéitstens ab der véierter Plaz e grousst Lach tëschent deene sechs Ekippe leien.
Jee no Entwécklung an Dagesform sinn de Museldall an Dikrech, an eventuell och de Standard, fir eng Iwwerraschung gutt, mee den Titel wäert héchstwarscheinlech tëschent dem ieweschten Trio ausgemaach ginn. Käerjeng wäert mat grousser Warscheinlechkeet a vereenzelte Matcher mathale kënnen, wann de Spillplang et mat hinne gutt mengt, mee op laang Siicht sinn Diddeleng an Déifferdeng wéinst dem méi breede Kader wuel ze staark.
D'Matcher vum Handball-Championnat kënnt Dir och dës Saison nees an der RTL Live Arena um RTL Play kucken an op RTL.lu fannt Dir all d'Resultater.