
Den 1. Juli huet d‘FLH déi éischt Wiessele fir d'Saison 2026/27 validéiert a publizéiert. Doraus kann een éischt Schlëss fir d'Ekippekonstellatiounen an der nächster Saison zéien. Ervirstiechen doen dobäi de Wiessel vun der Lola Scheuren an der Sarah Kupke op Diddeleng a mam Ben Schuster en neit Gesiicht op der Trainerbänk vum HB Museldall.
Insgesamt ass festzehalen, dass dëst Joer wéineg Beweegung um Lëtzebuerger Transfertmaart vun de Seniore war. Déi meescht Spiller sti méi laangfristeg ënner Kontrakt, dohier bleift de Summer 2025 (88 Transferten) eng aussergewéinlech Episod.
Nodeems de Kommitee vun der Red Boys Déifferdeng decidéiert hat, dass de Michel Scheuren net méi als Dammen-Trainer an déi nei Saison goe sollt, war ofzegesinn, dass dat net deen eenzege Wiessel am Kader bleiwe sollt. De gefaarten Exodus ass awer ausbliwwen an de Gros vun de Spillerinnen huet sech zum Projet ënnert dem neien Trainer Stéphane Mina bekannt. Vu bausse stousse mat der Emma Barthel (Akademie vum HB Metz), der rumänescher Profi Diana Damian (St. Louis), Luna Riesterer (Yutz) a Laura Leick (Sierck-les-Bains) véier Spillerinne bei eng Ekipp, déi scho méi laang zesummespillt.
Onkloerheet besteet nach, ob d‘Charlène Servant weider zu Déifferdeng spille wäert oder net. Eigentlech war si am leschten Heemmatch verabschit ginn, kéint elo awer bleiwen. De Veräin huet dës Rumeur bis zur Publikatioun vun dësem Artikel weder confirméiert nach dementéiert. Et bleift ofzewaarden, ob d'Roserei vun der Golkippesch no der Finall (géint Arbitteren an eege Fans) en Nospill gehat huet oder net.
Schonn zënter Méint war gemunkelt ginn, dass sech d’Sarah Kupke dem HB Diddeleng uschléisse géif, fir den Ofgang vun der Kim Wirtz, déi e Schlussstréch ënnert hir aktiv Karriär gezunn huet, ze kompenséieren. Och déi jonk Nationalspillerin Stefani Gomes kënnt vu Péiteng an d’Forge du Sud. Mat der Lola Scheuren huet sech den HBD eng weider staark Réckraumspillerin gekroopt.
Fir déi fréier Kapitänin vun den Déifferdenger Damme stoung Ufank Mee séier fest, dass si net méi bei hirem Kandheetsveräi bleiwe wéilt. Dräi Méiglechkeeten hate sech fir si gebueden: Käerjeng, Diddeleng oder Sprimont (wéinst dem Studium). Schlussendlech huet sech déi 25 Joer jonk Spillerin „bewosst“ fir den HBD entscheet.
Am Interview mat RTL sot d'Medezinstudentin, si hätt Wochen doriwwer nogeduecht, ob si dës Decisioun treffe sollt oder net, mee schlussendlech wär d'Entscheedung vum Déifferdenger Kommitee „den ausschlaggeebende Punkt“ fir de Wiessel gewiescht.
Weider sot si, „ech hunn d'Decisioun mussen huelen, fir Ofstand vum Veräin ze huelen“. Natierlech wär et „komesch“, ab September an enger anerer Faarf ze spillen, mee „dass ech elo eng Spillerin ginn, déi einfach Spillerin ka sinn, deet mir, mengen ech, och gutt“. D’Lola Scheuren hat zu Déifferdeng nach e ganze Koup aner Aufgabe mat hiren Elteren iwwerholl.
Diddeleng verloosse wäert dogéint déi jonk Golkippesch Barbara Fangueiro a Richtung Dikrech. Si hätt sech fir „eng nei Erausfuerderung“ an „e Perspektivwiessel“ entscheet, wéi si RTL sot. Zu Diddeleng wär ee meeschtens de Favorit, si wéilt och emol zu enger Iwwerraschung bäidroen. D’Fangueiro gëtt duerch d‘Samantha Ndenwadie vum HC Standard ersat. Och d’Valerie Gomes wäert nächst Saison net méi Deel vun der HBD-Ekipp sinn. Si wiesselt an d’Handball-Akademie vu Metz bei d’Nationaltrainerin Nina Knato.
Beim HB Käerjeng sinn d’Geldsuergen dat bestëmmend Theema – schonn zënter Méint. Ob den HBK wéi déi lescht Joren ëm de Championstitel matspille kann, wäert sech no sechs Ofgäng weisen. Virun allem de Wiessel vun der Golkippesch Zorana Jurcevic an Éisträich wäert wéidoen. Mat der Daria Milek konnt op d'mannst eng wichteg Spillerin gehale ginn an d'Ekipp gëtt duerch dräi weider Zougäng verstäerkt.
Beim HB Museldall steet ab September 2026 op alle Fall en neien Trainer un der Säitelinn. De Ben Schuster huet fir zwee Joer zu Gréiwemaacher ënnerschriwwen. Direkt wéi de Jeff Paulus säin Ofgang signaliséiert hat, wär de Veräin op hien zoukomm, sot den 30 Joer alen Ex-Trainer vun de Käerjenger Hären. Zil wär et, „déi jonk Spillerinnen ze entwéckelen“ an „d’Favoritte rosen ze maachen“.
D’Anaïs Huberty, déi bescht Scorerin, wäert d’Miseler Richtung Yutz verloossen, d’Fiona Carrara an d’Valérie Mackel hunn hir Handballschong un de berüümten Nol gehaangen. Als Verstäerkung huet den HBM bis elo d‘Lina an d‘Dina Abdellaoui vun Tréier kommunizéiert.
Bei den Häre war op dem nationalen Transfertmaart net sou vill Beweegung wéi 2025. Dass sech de Champion Déifferdeng mam Fransous Romain Peltier (kënnt vu Basel) verstäerke wäert, war scho méi laang gewosst.
Warscheinlech opgrond vun Spuermoossname verloossen den Amer Karamehmedovic (Bierchem) an déi zwee jonk Spiller Fynn Elcheroth (Dikrech) a Louis Philippart (Diddeleng) den HB Käerjeng.
Dofir kann den neien Trainer Pascal Schuster awer weider op d'Déngschter vum Ognjen Jokic zielen. Och de Golkipp Bastien Serasset huet säi Kontrakt verlängert. De Fabio Picco kënnt no e puer Saisonen zu Déifferdeng zeréck bei säi Jugendveräin. Ausserdeem ass de Jacques Tironzelli no sengem Studium nees Bestanddeel vun der Hären-Ekipp.
Och beim anere grénge Veräin, dem HC Bierchem, iwwerhëlt mam Martin Hummel ab September en neien Trainer d‘Zepter. Hie kann dobäi och op de Raphael Guden, dee fir zwee weider Joer bei de Réiserbänner ënnerschriwwen huet, an den neie Golkipp Kenan Hadrovic (vum HC Standard) zielen.
Dat sinn d'Wiesselen, déi bis elo vun der Federatioun validéiert oder vun de Veräiner kommunizéiert goufen. Bis zum Optakt vun der neier Saison wäerte sech wuel nach eng Rei Wiesselen erginn an eréischt am éischte Match wäert ee gesinn, a wéi enger Konstellatioun d’Ekippe wierklech untriede wäerten.