Geldsuerge bei HandballveräinCrowdfunding als lescht Rettung fir den HB Käerjeng?

Yannick Glod
De Veräin huet eng grouss Zomm Scholden ugesammelt. D'Käerjenger Dammen haten dës Saison d'Coupe gewonnen, wärend d'Hären eng ganz schwéier Saison haten.
Am Abrëll 2026 waren d'Käerjenger Dammen nach an der Coupe erfollegräich. Wäerte si hiren Titel nächst Saison verdeedege kënnen?
© Fernand Schmitz

D'Handballsaison 2025/26 ass keng 24 Stonnen eriwwer, do huet den HB Käerjeng op de Sozialen Netzwierker an engem Video matgedeelt, wéi grav d'finanziell Situatioun vum Veräin aus der Brauereistad ass. Virun engem Joer haten déi Gréng e Scholdestand vu knapp 120.000 €, deen duerch "enorm Efforten", wéi den HBK schreift, mëttlerweil op 70.000 € gedréckt gi konnten.

An der Lëtzebuerger Handballzeen wosst ee scho méi laang, dass et net gutt ëm d'Käerjenger Finanze stoung, mee d'Envergure war net bekannt. De Veräin hat an dëser Saison scho méi dacks Aktioune lancéiert a seng Supporter opgeruff, si ze ënnerstëtzen. Ënner anerem den internationalen Optrëtt vun den Dammen am European Cup gouf esou zum Deel matfinanzéiert.

Fir d'Iwwerliewe vum Veräin, deen ënner anerem mat der Dammenekipp dës Saison d'Coupe gewonnen huet an am Championnat eréischt am Siwemeterschéisse géint Diddeleng de Kierzere gezunn huet, ze garantéieren, gouf elo e Crowdfunding op d'Bee gestallt. Och d'Seniorsekippe vun den Dammen an den Häre maachen am Video en Opruff fir d'Ënnerstëtzung.

De Fundraising ass op der Säit gofundme mam Stéchwuert "Käerjeng" ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO