
An engem urege Kader nieft der Käerjenger Brauerei hat d'Lëtzebuerger Handball-Federatioun e Samschdeg hir Membere fir eng ausseruerdentlech Generalversammlung zesummegeruff. Et goung haaptsächlech ëm Administratives, wou phaseweis groussen Diskussiounsbedarf bestoung. D'Filetsstéck vun den 100 Minutte war den éischten Optrëtt vum neien Hären-Nationaltrainer Didier Dinart.
Am administrativen Deel gouf et eng ganz Rei Statuttenupassungen. Dodgeball a Rollstullhandball sinn elo offiziell an den FLH-Statutte verankert a wäerten als eegestänneg Sektiounen integréiert ginn.
Eng Neierung gouf et betreffend Ententen tëscht zwee oder méi nationale Veräiner. No den ale Statutten duerften dës Ekippen net an déi héchst Divisioun opsteigen. D'Veräiner ware majoritär dofir, dass dat vun dëser Saison u méiglech si soll. Eng Entente kann awer weiderhin net fir europäesch Kompetitioune gemellt ginn.
Eng wichteg praktesch Ännerung sinn d'Neiorganisatioun an de Fonctionnement vum Tribunal an dem Conseil d'appel vun der FLH, dee mat den Upassungen entstëbst gi soll. Bei de Sanktiounen no enger rout-bloer Kaart soll sech an Zukunft um EHF-Strofekatalog orientéiert ginn.
Eng Upassung vum Spillreglement, dass eng flou Situatioun wéi beim Protest am Match Esch géint Diddeleng d'lescht Saison net méi méiglech ass, wär net néideg, wéi RTL gesot krut. Do hätt et eng Kloerstellung vun der IHF ginn, à part vun der RTL-Ufro aus dem Dezember 2025, déi an Zukunft applizéiert gi wäert.
Zum Punkt Directeur général konnt de President Dr. Romain Schockmel net vill Neies matdeelen. E Profil wär ausgeschriwwen an den envisagéierte Startdatum vun der neier Persoun wär Januar 2027.
Nom administrativen Deel vun der ausseruerdentlecher Generalversammlung war et den éischten Optrëtt vum Didier Dinart, dem neien Nationaltrainer vun den Hären. Den 1,96 Meter grousse Fransous huet en impressionante Palmarès opweises. Hie konnt tëscht 2000 an 2012 all international Titele mat Les Bleus gewannen, déi et ze gewanne gëtt: Olympia, Welt- an Europameeschterschaft. Och als Trainer war hie mat Frankräich 2017 Weltmeeschter.
Et ass net déi éischt Kéier, dass den 49 Joer alen Dinart zu Lëtzebuerg ass. Hie stoung 2008 am Kader, deen deemools géint d'Rout Léiwen an der Coque gespillt hat. Hie wäert sech och zu Lëtzebuerg néierloossen, fir senger Aarbecht ab dem 1. September nozegoen.
Genee wéi d'Nina Kanto, déi de Veräiner och hire Plang virgestallt huet, war hien a senger aktiver Karriär Pivot a wäert de Fokus op d'Verdeedegung leeën. Mee virun allem d'Optrieden, d'Preparatioun op Matcher an de Spillplang solle verbessert ginn. Hie wëll och all d'Veräiner besichen an hir Aarbecht kenne léieren.
Mam Didier Dinart an der Nina Kanto gesäit sech d'FLH gutt opgestallt. Béid Fransouse sollen hir international Erfarung a Kontakter abréngen an de Lëtzebuerger Handball an eng besser Zukunft féieren. A béide Fäll wär et e laangfristege Projet, mam Horizont 2032.
Zum Ofschloss huet d'Lëtzebuerger Handballfederatioun nach den neie Logo presentéiert, deen d'Nationalekippen ab de Campagnen am Oktober op der Broscht droe wäerten. De Logo soll déi national Identitéit erëmspigelen, sou d'Erklärung vun der FLH.