Dat gouf et nach niEe leschte Fräiworf tëscht Esch an Diddeleng

Tom Nols
An enger drëtter a leschter Verhandlung war decidéiert ginn, dass tëscht dem HBE an dem HBD just den allerleschte Fräiworf nei gespillt muss ginn. Eng eenzegaarteg Situatioun, déi Dir live op RTL.lu suivéiere kënnt.
Ee leschte Worf...
Ee leschte Worf...
© SINA SCHULDT/dpa Picture-Alliance via AFP

Et ass wuel en eenzegaartegen Event am nationalen Handballchampionnat. Haut den Owend ass et den Ofschloss vum Match HB Esch géint den HB Diddeleng vum véierte Spilldag.

No etlechem Hin an Hier, mat Protester, déi deels ofgewise gi waren, no enger Feel-Decisioun vun den Arbitteren, an enger Entscheedung vum ieweschte Sportsgeriicht, wäert um 20.30 Auer déi läscht Aktioun vun där Partie nogeholl ginn - ee leschte Fräiworf fir déi Diddelenger.

Den HBD huet domat, no der 29:30 Néierlag, d’Chance fir d’Partie nach auszegläichen. Béid Veräiner maachen op hire Soziale Medie Reklamm fir dësen aussergewéinleche Virgang.

Wie sech dës eemoleg Decisioun net wëllt entgoe loossen, huet den Owend Rendez-vous zu Lalleng an der Hal vum HBE. Um 20.15 Auer wäerten d’Dieren opgoen, bei fräiem Entrée. D’Buvette wäert op sinn, an den HBE wäert nieft engem spezielle “One Shot” och eng Rei Spiller ubidden, bei deene sech d’Visiteuren an eng änlech Situatioun wéi d’Spiller versetze kënnen. Déi Diddelenger fir hiren Deel huelen d’Saach och ganz eescht, an hunn zwee Spiller, déi fir de Worf a Fro kommen. No engem Training an eegener Hal wäert d’Ekipp zesummen op Esch fueren.

Wien sech net op Lalleng deplacéiere wëllt, ka sech déi allerlescht Aktioun vun der Partie och live op RTL.lu ukucken.


Wat war geschitt?

Um 4. Spilldag vun der AXA League hat den Handball Esch sech de 27. September 2025, no enger hektescher Schlussphas, mat 30:29 géint den HB Diddeleng duerchgesat.
Kuckt hei nach emol de Resumé vun der Partie:

Esch suergt fir éischt Néierlag vun Diddeleng
Wéi scho virun enger Woch géint Déifferdeng war bis an d’Schlussminutten net kloer, wien als Gewënner vum Terrain goe sollt. Um Enn wënnt Esch mat 30:29.

Protest

Diddeleng hat an der leschter Aktioun en direkte Fräiworf zougesprach kritt, well d’Spillzäit schonn ofgelaf war. Dobäi haten d’Arbittere bemierkt, dass den Escher Lou Fancelli aus der Nues geblutt hat, an haten hie vum Terrain geschéckt, well een der Reegel 4:10 no net mat bluttverschmiertem Gesiicht oder Trikot spillen dierf. Den Escher gouf awer vum Spiller Nummer 6 Ben Goehler ersat, wat géint d’Reegel 2:5 verstéisst. Dowéinst hat Diddeleng bei der Handballsfederatioun Protest ageluecht, krut no der Decisioun vum Tribunal Fédéral vum 7. November 2025 awer eeben net Recht.

Klickt hei fir de Communiqué vun der FLH ze liesen.

Wéi een am RTL-Resumé vum Match an an der Livearena gutt gesi kann, stoung d’Nummer 6 op enger anerer Plaz an der Mauer a koum net un de Ball, wéi dëse geblockt gouf. A soumat war et keng spillentscheedend Situatioun.

Cour d’appel

Den HBD hat Protest ageluecht géint d’Decisioun vum Tribunal Fédéral, deen den 3. Dezember 2025 zu enger weiderer Unhéierung virum Conseil d’appel geféiert hat. Do waren déi dräi “Riichter” zur Conclusioun komm, dass an dësem Match géint d’Artikelen 2.4, 2.5 (a béide Fäll Verstéiss géint d’Reegele no der Schlusssiren) a 4.10 (Verletzung vun engem Spiller mat Blutt) vun der IHF (International Handballfederatioun) verstouss gi wier. Doropshin hat de Conseil d’appel decidéiert, dass d’Partie tëscht dem HB Esch an dem HB Diddeleng bis den 8. Februar 2026 (leschte Spilldag virum Playoff) nei gespillt gi misst ginn. Aus Fairplay-Grënn war nach proposéiert ginn, dass de Match “mat deene selwechte Spiller wéi um Spillbou vum initiale Match vum 27. September 2025" ausgedroe gi sollt.

Op RTL-Nofro hi krute mir bei der internationaler Handballsfederatioun IHF zu deem Fall dës Stellungnam. An der Suite war den HB Esch bei d’CLAS (Commission luxembourgeoise d’arbitrage pour le sport) gaangen, fir iwwert d’Affär z’urteelen. Déi Escher hate sech bei hirer Argumentatioun ënner anerem och op e Retour vun der IHF beruff.

Decisioun vum CLAS

Den 20. Januar 2026 hat d’Kommissioun d’Situatioun als “Violation des règles du jeu” ugesinn an d’Decisioun geholl, datt nëmmen de leschte Fräiworf vum Match misst nei geworf ginn, a war domat géint den Avis vun der FLH gaangen. Den HBD war ganz zefridde mat där Léisung, fir den Escher President Christian Bock war se “äusserst bizar”.

Decisioun CLAS - HB Diddeleng géint den Handball Esch.pdf

Gläichzäiteg war och preziséiert ginn, wéi eng Escher Spiller an der Mauer däerfe stoen:

De Ben Goehler däerf net um Terrain stoen, dofir awer de Pol Kirsch, den Theo Keiser, de Moritz Barkow an de Jo Vitali. D’Mauer däerf och net vum Escher Lou Fancelli komplettéiert ginn an den Hugo Costa Figueiredo muss am Gol stoen. Am Fall wou ee vun deenen Escher net disponibel wier, muss dëse Spiller mat engem Spiller vun der nämmlechter Gréisst ersat ginn. Dëse Spiller huet awer de 27. September 2025 mussen um Bou stoen.

Um Enn konnte sech all d’Parteien op de 4. Februar 2026 eenegen, fir um 20.30 Auer de leschte Fräiworf vun der Partie nozehuelen.

Back to Top
CIM LOGO