An der Serie "Ted Lasso", déi op Apple TV leeft, huet de Cristo Fernández e Futtball-Spiller gespillt, deen am fiktive brittesche Veräin AFC Richmond vum Trainer "Ted Lasso" trainéiert gëtt. Elo awer wiesselt de 35 Joer alen Acteur vum Fake-Futtball an de Profi-Futtball, nodeem hie beim US-Veräin El Paso Locomotive, déi an der United Soccer League Championship spillen, e Vertrag ënnerschriwwen huet.
De Veräin aus der zweeter US-Liga huet matgedeelt, datt de Mexikaner, deen de fiktive Futtballstar Rojas an den éischten dräi Saisone vun "Ted Lasso" gespillt huet, e Kontrakt ënnerschriwwen huet, nodeem si hien zwee Méint laang getest hunn. Dobäi koum de Fernández och bei Frëndschaftsmatcher an den Asaz.
"De Cristo ass e gudden zousätzleche Spiller an eisem Kader. Hien ass eng weider Verstäerkung fir eis Offensiv", seet den Trainer vu Locomotive Junior Gonzalez. "Seng Passioun fir d'Spill an seng Qualitéit als Féierungsspiller op an nieft dem Terrain erméiglecht et eis, datt mer déi positiv Kultur vum Veräin weider entwéckelen".
Bis am Alter vu 15 Joer huet de Fernández an der Jugendakademie vum mexikanesche Profiveräin Tecos FC gespillt, bis Blessuren dem Dram vun der Karriär als Profi virleefeg en Enn bereet hunn.
"Futtball war ëmmer e groussen Deel vu mengem Liewen a menger Identitéit an egal wouhi mech d'Liewe gefouert huet, den Dram, fir als Profi Futtball ze spillen, war ëmmer a mengem Häerz", esou de Fernández, dee Locomotive FC Merci gesot huet, datt si him d'Dier opgemaach hunn an him d'Chance ginn hunn, fir sech ze beweisen.