Dammefuttball1:1 am Spëtzematch tëscht Hesper a Racing, Mamer iwwerrennt Ell

RTL Lëtzebuerg
Am Futtball-Championnat bei den Dammen war e Samschdeg de virleschte Spilldag am Titel-Playoff an de leschte Spilldag am Ofstig-Playoff.
© Archiv

Am Spëtzematch tëscht dem Vize-Champion Hesper an dem Champion Racing gouf et am Titel-Grupp een 1:1.

Den Tabellendrëtte Mamer huet sech iwwerdeems kloer mat 6:2 beim Véierten Ell duerchgesat.

Nom leschte Spilldag um nächste Weekend treffen de Racing an Ell an zwou Wochen an der Coupe-Finall openeen.

Och am Ofstig-Playoff waren all d’Decisioune scho gefall, well Beetebuerg a Rouspert-USBC sécher ofgestige waren.

Um leschte Spilldag huet Rouspert-USBC 3:11 géint Dikrech verluer, Jonglënster huet 2:2 géint d’Entente WMG gespillt a Beetebuerg huet géint Déifferdeng mat 2:3 de Kierzere gezunn.

Back to Top
CIM LOGO