Internationale Futtball1. Victoire no 68 Deeg fir Bochum, Real gléckt Bayern-Generalprouf

RTL Lëtzebuerg
Uechter Europa ass e Freideg den Owend de Ball gerullt.
© AFP

An der däitscher Bundesliga setzt de VfL Bochum Mainz ënner Drock. D’Ekipp vum Trainer Heiko Butscher huet fir den Optakt vum 31. Spilldag mat 3:2 géint Hoffenheim gewonnen. Duerch déi dräi Punkte steet Bochum an der provisorescher Tabell net méi op der Relegatiounsplaz an huet Mainz iwwerholl.

Fir Bochum hunn de Kevin Stöger (34', 64') an de Felix Passlack (45+2') getraff. Fir d’Gäscht hat den Andrej Kramaric duerch zwee Goler (73', 84') op 2:3 verkierzt, ma fir méi sollt et um Enn net méi duergoen.

Fir Bochum ass et déi éischt Victoire zanter dem 3:2 géint Bayern München den 18. Februar. Fir Hoffenheim ass et dogéint déi véiert Néierlag noenee bei engem Auswäertsmatch. D’TSG huet domadder weider wichteg Punkten an der Lutte ëm déi europäesch Plaze leie gelooss.

LINK: Den Iwwerbléck vun der BundesligaAm englesche Championnat steet iwwerdeems fest, datt Leicester City no engem Joer Abstinenz d’nächst Saison nees an der Premier League spillt. No der Néierlag vun de Queens Park Rangers steet Leicester City scho virum eegene Match de Weekend als Opsteiger fest.

An der spuenescher La Liga huet Real Madrid e Freideg den Owend mat 1:0 bei Real Sociedad gewonnen. Den decisive Gol huet den Arda Güler an der 29. Minutt geschoss.

Well Real Madrid den Titel a Spuenien sou gutt wéi net méi ze huelen ass an déi Kinneklech en Dënschden an der Champions League géint Bayern München spillen, huet den Trainer Carlo Ancelotti e Freideg den Owend op eng B-Ekipp gesat. Net mat dobäi waren den Jude Bellingham wéi och de Federico Valverde, de Vinicius Jr. oder den Toni Kroos an den Antonio Rüdiger. Profitéiert hunn ënnert anerem de Fran Garcia, den Dani Ceballos, den Arda Güler, de Brahim Diaz oder och nach de Joselu. Am Gol stoung de Kepa amplaz vum Andrij Lunin.

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO