An der Coque10 Lëtzebuerger Athleten um CMCM-Indoor-Meeting e Sonndeg mat derbäi

RTL Lëtzebuerg
Op der Pressekonferenz waren déi Responsabel vun der Liichtathletik-Federatioun houfereg, en héichkarätegen Indoor-Meeting ze presentéieren.
CMCM Indoor-Meeting
Op der Pressekonferenz waren déi Responsabel vun der Liichtathletik-Federatioun houfereg, en héichkarätegen Indoor-Meeting ze presentéieren.

Welt- an Europameeschtere wäerten de Sonnden an der Coque rivaliséieren. Och 10 Lëtzebuerger wäerten um Depart sinn, dräi vun hinne mat internationaler Erfarung. Ugefaange mam Bob Bertemes, deen de leschte Meeting virun der Covid-Paus gewonnen hat. D’Patrizia Van der Weken hat d’Saison um Regio Meet 3 mat enger gudder Performance op de 60 Meter ugefaangen, an engem Rekord op den 200 Meter. D’Victoria Rausch ass mat engem Rekord iwwert 60 Meter Hürden an d’Saison gestart, an ass op der Juegd no Ranking-Punkte fir d’Qualifikatioun fir d’Indoor-EM.

Fir déi Bescht ginn et Punkten, fir de Ranking beim Indoor Tour Bronze, zu deem Lëtzebuerg gehéiert. E Livestream, europawäit an och op RTL, ass eng interessant Neierung. Rendez-vous ass dann de Sonndeg ëm 13 Auer an der Coque.

Back to Top
CIM LOGO