
Aus der Liichtathletik ass et nach d’Nouvelle, datt de Vivien Henz bei der U20-Europameeschterschaft zu Tallinn an Estland an der Finall iwwer 1500 Meter op déi 12. Plaz komm ass. De Lëtzebuerger ass e Chrono vun 3'51"49 gelaf.
D’Course gouf gewonne vum Ir McPhilips. Hien ass eng Zäit vun 3'46"55 gelaf.
