
An der Paus louch den F91 Diddeleng mat 1:0 zu Nikosia vir. An der zweeter Hallschent huet Nikosia 4 Minutte gebraucht, fir 3 Goler ze schéissen, a sou hu si séier aus engem 0:2 en 3:2 gemaach, ma Diddeleng konnt nees ausgläichen a kuerz viru Schluss souguer nach a Féierung goen an de Match 4:3 gewannen. Fir den F91 hunn de Sinani (36',82'), de Bernier (51') an de Stolz (72') getraff.
Manner Goler sinn dogéint zu Qarabag gefall, wou den Hernandez (62'), de Munir (78') an den Torres (85') getraff hunn an domadder eng Victoire fir Sevilla konnte sécheren.
An der Tabelle sti Sevilla an Diddeleng mat 3 Punkten un der Spëtzt, Qarabag an Nikosia hunn 0 Punkten.
Apoel Nikosia - F91 Diddeleng 3:4
Diddeleng ass zwar als Aussesäiter an de Match gaangen, ma d’Ekipp aus dem Grand-Duché huet sech zu Nikosia an den éischte 45 Minutte gutt verkaf. Bei Standardsituatioune ware si geféierlech an och iwwer Konteren. An der 35. Minutt huet de Mendy sech selwer ugeschoss bei engem Konter. Ma eng Minutt méi spéit huet de Sinani et beim nächste Konter besser gemaach a seng Ekipp a Féierung bruecht. An der Defense stoung Diddeleng dogéint gutt an huet net vill zougelooss. Esou ass et mat engem 1:0 fir den F91 an d’Paus gaangen.
No der Paus ass et du séier gaangen. De Bernier markéiert an der 51. Minutt den 2:0 an de Pavlovic huet direkt dono den 2:1 markéiert. An der 55. Minutt, eng Minutt nom Gol, huet den Arbitter dunn op de Punkt gewisen an den De Vincenti huet den 2:2 fir Nikosia geschoss. Et huet knapp 120 Sekonne gedauert, bis e weider Gol gefall ass. De Pavlovic profitéiert vun engem Feeler vum Joubert a ka fir seng Ekipp de Match dréinen.
Diddeleng huet sech awer net opginn an de Stolz huet seng Ekipp an der 71. Minutt belount, dat mam 3:3. Mat engem gudde Solo an der 82. Minutt huet de Sinani d’Defense dronke gespillt a mat sengem gudden Ofschloss huet hie seng Faarwen och nach belount. Nikosia huet nach vill Drock gemaach, ma Diddeleng stoung nees méi kompakt. Esou gëtt et eng historesch Victoire fir den F91, dee sech hei 3 Punkte séchere konnt.
En Donneschdeg den Owend huet Dynamo Kiew am 1. Europa-League-Match mat 1:0 géint den FF Malmö gewonnen. De Gerson Rodrigues koum bei dëser Partie och an den Asaz. De Lëtzebuerger Nationalspiller stoung vun Ufank un um Terrain, ass awer an der 73. Spillminutt ausgewiesselt ginn. An der 84. huet de Buyalskyy de Gol vum Owend geschoss an domat d’Victoire fir de Veräin aus der ukrainescher Haaptstad geséchert.