
E Sonndeg war jo scho mat der Partie Millebaach géint de Racing de Retour vum nationale Futtball no iwwer 2 Méint Wanterpaus. Mir kucken d’Situatioun virun der Reprise aus der Siicht vun 2 Veräiner aus der selwechter Gemeng. D’Union Titus Péiteng ass Tabelleleader a Rodange ass op der leschter Plaz.
D’Union Titus Péiteng war déi exzellent Surprise vun der Hironn an huet als Leader 4 Punkte Virsprong op Nidderkuer op der 2. Plaz. De Champion vun Diddeleng ass op der 5. Plaz mat 12 Punkte Retard op déi Péitenger. E Sonndeg empfänkt am Spëtzematch den F91 d’Union Titus Péiteng.
De Pascal Wagner ass Vizepresident vu Péiteng a President vun der LFL, der Lëtzebuerger Futtball Ligue. E puer Deeg virum Duell géint den F91 ass de Pascal Wagner zouversiichtlech, datt seng Péitenger nach ëmmer e gudde Laf wäerten hunn.
Déi Péitenger wëlle sech net ënner Drock setzen an hunn offiziell net de Championstitel als Zil. D’Uspréch wäre wuel héich, ma et géing een elo emol probéieren, fir esou laang wéi méiglech d’Positioun an der Tabell ze verdeedegen an da wëll ee sech fir déi europäesch Kompetitioune qualifizéieren.
De Leader an der BGL Ligue war an der Hironn richteg zolidd. Den Tabelleleader hat mam Artur Abreu vläicht dee stäerkste Spiller iwwerhaapt a senge Reien. Fir déi Péitenger ass et eminent wichteg, datt de fréiere Spiller vun Déifferdeng a Guimaraes dee selwechte Rendement bäibehält.
Hannert Stroossen op der 6. Plaz mat 20 Punkte sinn déi aner Formatiounen nach net an dréchenen Dicher, wat den Ofstig ugeet. Op der leschter Plaz steet den Noper vum Leader Péiteng an zwar den FC Rodange 91. Mat deem neien Trainer Nedzib Selimovic sollen d’Schwaachpunkte vun der Hironn korrigéiert ginn. Dat hofft emol de sportlechen Direkter Yvon Dietz. An der Wanterpaus hätt ee probéiert, fir sech op deene Positiounen ze verstäerken, wou een an der Hironn Problemer gesinn huet, sou de sportlechen Direkter. Doriwwer eraus ass direkt deen éischte Match géint d’Etzella ganz wichteg, well ee géint een direkte Konkurrent an der Course ëm de Klassenerhalt spillt, sou nach den Yvon Dietz.
Gëtt et eng gewësse Jalousie, datt d’Union Titus Leader ass a Rodange um Wupp vun der Tabell ass oder gëtt et awer eng Solidaritéit tëscht Veräiner aus der selwechter Gemeng? Den Yvon Dietz wënscht sech, datt Rodange an der BGL Ligue bleift a wann dann och nach Péiteng géif Champion ginn, da wär dat eng flott Saach. Jalousie wär keng do, mä eng kleng Rivalitéit schonn, ëmmerhin wär ee jo och aus enger Gemeng, sou de sportlechen Direkter vu Rodange.
Et dierf een allgemeng gespaant sinn, wéi eng Ekippen déi bescht nei Spiller an der Wanterpaus engagéiert hunn.