Marc Marquez séchert sech a Japan de WM-Titel an der MotoGP

© TOSHIFUMI KITAMURA / AFP
Fënnef Coursse viru Schluss ass e Sonndeg de Moien d'Decisioun ëm de WM-Titel an der Kinneksklass vun der Motorrad-Weltmeeschterschaft gefall.
No sechs Joer huet sech de Marc Marquez op Ducati e Sonndeg de Moie fréi eiser Zäit nees zum Weltmeeschter an der Kinneksklass vun der Motorrad-Weltmeeschterschaft gekréint. Dem 32 Joer ale Spuenier ass zu Motegi beim Grousse Präis vu Japan eng 2. Plaz duergaangen, fir sech fréizäiteg säi siwente WM-Titel an der MotoGP ze sécheren. Gewonne gouf d'Course vum Ducati-Pilot Francesco Bagnaia, dee sech e Samschdeg och schonn am Sprint duerchgesat hat. Drëtten ass de Joan Mir op Honda ginn.
2019 war de Marc Marquez fir d'lescht Weltmeeschter ginn. No ville schwierege Joren, mat ville Blessure war de Spuenier 2025 nees un d'Spëtzt gefuer. De Weltmeeschter vun 2024 Jorge Martin huet et als "ee vun de gréisste Comebacks an der Sportgeschicht" bezeechent.
WM-Titele vum Marc Marquez:
125-cm³-Kategorie: Weltmeeschter 2010
Moto2: Weltmeeschter 2012
MotoGP: Weltmeeschter 2013, 2014, 2016, 2017, 2018, 2019 an 2025

© TOSHIFUMI KITAMURA / AFP
An der Moto2-Course um Twin Ring Motegi huet sech den Dani Holgado schonn an de Startphas ofgesat, huet duerno eng iwwerzeegend Leeschtung gewisen an huet eng souverän Victoire gefeiert. Hannert dem dominante Gewënner Holgado ass de Britt Jake Dixon als Zweeten iwwer d'Linn komm, wärend de jonke Brasilianer Diogo Moreira sech mat enger kämpferescher Leeschtung déi drëtt Plaz geséchert huet.
Fir de WM-Leader Manuel Gonzalez ass et dogéint net no Plang gelaf. No enger Long-Lap-Strof huet hie wichteg Plazen a Punkte verluer, ass um Enn awer nach de Fënnefte ginn.
Am WM-Klassement bleift de Gonzalez vir, mee säi Virsprong ass liicht méi kleng ginn. Hien huet elo 238 Punkten, gefollegt vum Moreira mat 204 Punkten. Op der drëtter Plaz steet den Aron Canet mat 189 Punkten. Mat nach fënnef Courssen ze fueren, ass nach keng Decisioun gefall.
An der Moto3 gouf et e Samschdeg de Moie fréi eiser Zäit bei schwierege Bedingungen an deels Reen eng souverän Victoire fir den David Munoz. De José Antonio Rueda konnt an de leschten zwou Ronnen nach de Maximo Quiles an de Valentin Perrone iwwerhuelen an ass deen Zweete ginn. Op déi drëtte Plaz ass um Enn de Quiles gefuer.
Fir de Spuenier Munoz war et iwwerdeems den drëtte Grand-Prix-Succès no Aragon a Sachsenring. Hie läit elo nëmmen nach siwe Punkten hannert der 3. Plaz am WM-Klassement. De José Antonio Rueda steet iwwerdeems kuerz virum Titelgewënn an der Moto3. No 17 vun 22 Courssen huet hien eng Avance vun 93 Punkten op den Angel Piqueras, deen a Japan net iwwer déi 11 Plaz erauskomm ass.
D'Resultater vun de Courssen
MotoGP
1 F. Bagnaia Ducati Lenovo Team 42:09.31
2 M. Marquez Ducati Lenovo Team +4.196
3 J. Mir Honda HRC Castrol +6.858
4 M. Bezzecchi Aprilia Racing +10.128
5 F. Morbidelli Pertamina Enduro VR46 Racing Team +10.421
Moto2
1 D. Holgado CFMOTO Power Electronics Aspar Team 34:50.326
2 J. Dixon ELF Marc VDS Racing Team +1.304
3 D. Moreira Italtrans Racing Team +5.943
4 D. Alonso CFMOTO Power Electronics Aspar Team +5.985
5 M. Gonzalez LIQUI MOLY Dynavolt Intact GP +8.426
Moto3
1 D. Muñoz LIQUI MOLY Dynavolt Intact GP 33:09.599
2 J. Rueda Red Bull KTM Ajo +1.618
3 M. Quiles CFMOTO Gaviota Aspar Team +2.203
4 V. Perrone Red Bull KTM Tech3 +2.336
5 A. Fernandez Leopard Racing +3.853
De General
MotoGP
1 M. Marquez Ducati Lenovo Team 541
2 A. Marquez BK8 Gresini Racing MotoGP 340
3 F. Bagnaia Ducati Lenovo Team 274
4 M. Bezzecchi Aprilia Racing 242
5 F. Morbidelli Pertamina Enduro VR46 Racing Team 196
Moto2
1 M. Gonzalez LIQUI MOLY Dynavolt Intact GP 238
2 D. Moreira Italtrans Racing Team 204
3 A. Canet Fantic Racing 189
4 B. Baltus Fantic Racing 182
5 J. Dixon ELF Marc VDS Racing Team 172
Moto3
1 J. Rueda Red Bull KTM Ajo 315
2 A. Piqueras FRINSA - MT Helmets - MSI 222
3 M. Quiles CFMOTO Gaviota Aspar Team 204
4 D. Muñoz LIQUI MOLY Dynavolt Intact GP 197
5 A. Carpe Red Bull KTM Ajo 157