FLF grënnt Ethikkommissioun, kee Subsid fir FLF, Protest um Dënschdegowend

© Roland Miny / Pressphoto
En Dënschdeg an der Mëttesstonn huet d'FLF via Communiqué matgedeelt, dass een an der Affär Gerson Rodrigues nach emol aktiv gëtt.
D'Futtballfederatioun entschëllegt sech ëffentlech an engem Communiqué am Kader vun der Affär Rodrigues. Et hätt ee sech intern echangéiert an et misst ee Feeler zouginn, wéi déi Affär geréiert a wéi driwwer kommunizéiert gi war.
D'FLF grënnt elo eng onofhängeg Ethikkommissioun, fir d'Valeure vum Sport ze garantéieren. Déi Kommissioun huet als Aufgab, d'Evenementer, déi mat der Selektioun vum Gerson Rodrigues an de Suitten ze dinn hunn, ze reexaminéieren. Si soll doropshi Recommandatioune ginn, fir dass änlech Virfäll an Zukunft evitéiert kënne ginn. Si soll d'Reegele bannent der Federatioun fir géigesäitege Respekt an Transparenz stäerken.
Wéi déi Kommissioun genee zesummegestallt wäert ginn, soll an den nächste Wochen annoncéiert ginn. Leit aus der Welt vum Sport, dem Droit an der Zivilgesellschaft sollen dra representéiert sinn.
D'Futtballfederatioun deelt mat, si wéilt aus hire Feeler léieren an déi richteg Konsequenzen zéien.
Am Communiqué ass net rieds driwwer, ob de Gerson Rodrigues kéint aus dem Kader den Owend géint Irland gestrach ginn.
Protestaktioun um Dënschdeg den Owend
CID Fraen an Gender deelen an engem Pressecommuniqué mat, dass et am Kader vum Lännermatch en Dënschdeg den Owend zu enger weiderer Protestaktioun kënnt. Nodeems hire Protest wärend dem Match géint Slowenien "brutal" gestoppt gi wier, géif hir Lutte weidergoen. Ronn 10 Associatioune versammelen sech op en Neits virun- am am Stadion op der Cloche d'Or.
De CID Fraen an Gender kritt Ënnerstëtzung vu verschiddene Membere vun der Plattform JIF. Opgezielt ginn hei déi lénk, Femmes socialistes, déi gréng, OGBL Equality. Och La Voix des Survivantes, OGJ, déi jonk lénk, d'Jonk Sozialisten an déi jonk gréng hunn hir Ënnerstëtzung ugekënnegt.
Protestéiert gëtt géint d'Nominatioun vum Gerson Rodrigues, dat obwuel den Nationalspiller wéinst Gewalt zu 18 Méint Prisong mat Sursis verurteelt ginn ass.
Obwuel bei der Protestaktioun leschte Freideg zwou Persoune vun de Sécherheetsforcë blesséiert gi wieren, géif ee sech net aschüchtere loossen, heescht et an engem Communiqué.
Finanziell Konsequenze Causa Gerson Rodrigues fir FLF
D'Causa Gerson Rodrigues huet finanziell Konsequenze fir déi Lëtzebuerger Fussballfederatioun. De Sportminister Georges Mischo huet wärend enger Froestonn an der Chamber annoncéiert, datt hien de "Subsid Nationbranding" dëst Joer net accordéiere wäert. Hien huet awer net ausgeschloss, datt d'FLF dee Subsid an Zukunft nees ausbezuelt kréie kéint. Wéi mir op Nofro hi gewuer gi sinn, geet et dobäi ëm e Montant vun 20.000 Euro.
Chamber: Universell Wäerte-Charta, amplaz eenzel Ethikkommissiounen
Lëtzebuerg soll eng Charta kréien, déi kloer definéiert, wéi sech Sportler verhale mussen. Eng Motioun, déi dat fuerdert, gouf en Dënschdeg an der Chamber mat de Stëmme vun alle Parteien, mat Ausnam vun der ADR, ugeholl. Agereecht gouf d'Motioun vun der LSAP-Deputéiert Taina Bofferding. Si huet d'Fussballfederatioun FLF dofir kritiséiert, datt dës elo als Reaktioun op d'Causa Gerson Rodrigues eng eegen Ethikkommissioun an d'Liewe ruffe wëllt. Et bräicht villméi ee kollektiven Effort.
"Wou mer hei d'Regierung weider doranner wëllen ënnerstëtzen, déi national Strategie zum Safeguarding ze finaliséieren, dofir ze suergen, datt déi Charte des valeurs soll ëmgesat ginn, eben, wéi ech gesot hunn, net jidderee soll seng eegen Zopp kachen, mee hei sollen universal Reegele gëllen. Dës soll zesumme mat de Federatiounen, de Sportsveräiner, de Clibb ausgeschafft ginn, genee wéi de Code de bonne conduite, ebe Wäerter, ethesch Reegele virschreiwen, déi et dann och gëllt ze applizéieren."
Da war et nach d'Fuerderung, datt déi finanziell Ënnerstëtzung vum Staat fir déi verschidde Federatiounen a Clibb an Zukunft un de Respekt vun där Charta gebonne soll ginn.