Wie gëtt de Successeur vun England?

© AFP
Vum 2. bis de 27. Juli ass an der Schwäiz d'Damme-Futtball-Europameeschterschaft. Mat dobäi si 16 Ekippen.
E Mëttwoch stinn déi éischt Matcher op der Dammen-EM an der Schwäiz um Programm. De klore Favorit bei dëser Editioun ass Spuenien, well "La Furia Roja" virun allem an der Breet de beschte Kader huet. Trotzdeem gesäit de Lëtzebuerger Dammennationaltrainer Dan Santos och nach aner Natiounen, déi eng wichteg Roll ëm den EM-Titel kéinte spillen.
"Spuenien ass ee vun de Favoritten. Da ganz kloer Länner wéi Däitschland oder Frankräich, déi ëmmer rëm virbäi kënne spillen. Donieft England, den Titelverdeedeger, och wann et dëst Joer fir si méi schwéier gëtt. Et däerf een awer Länner wéi Dänemark, Norwegen oder Schweden ni vergiessen. Dat sinn Ekippen, déi dacks ënnert déi lescht 4 kommen. Ech mengen also, datt et eng relativ oppen EM gëtt."
Nieft de Favoritte ginn et natierlech och ëmmer Iwwerraschungen. 2017 waren dat beispillsweis Holland an Dänemark, déi allebéid sensationell bis an d’Finall komm waren. Dëst Joer kéinte Frankräich oder Norwege fir eng Iwwerraschung suergen.
"Norwegen ass eng Ekipp, mat där een heiansdo net onbedéngt rechent. Donieft d'Italienerinnen, déi eng gutt Nations League gespillt hunn. Villäicht net iwwerraschend an awer kann et eng Iwwerraschung sinn, datt et dëst Joer d’EM vu Frankräich gëtt. Si hunn eng gutt Dynamik, d’Englännerinnen net. Et kéint eng Final Frankräich géint Spuenien ginn."
Bei der leschter Editioun 2022 konnte sech d’Englännerinnen den EM-Titel sécheren. Virun dësem Turnéier hu si ee groussen Ëmbroch gehat, wat et dëst Joer net einfach dierft maachen. Dat gesäit och den Dan Santos esou.
"England huet jo wierklech vill jonk Spillerinnen, eng Partie vun den erfuerene Spillerinne sinn net méi dobäi. D’Trainerin huet et och gesot. Déi eng oder aner Spillerin an d’Golkipperin hunn elo viru Kuerzem opgehalen. Si kréien et net einfach an et gëtt ganz schwéier, fir den Titel ze verdeedegen. Fir mech si si dëst Joer guer net Favorit."
Och fir d'Lëtzebuerger Nationalekipp an den Dan Santos kann dësen Tournoi interessant fir d’Zukunft sinn. Vill Natiounen, déi dobäi sinn, kéinten an der Liga B vun der Nations League oder an der WM-Qualifikatioun op d’FLF-Damme waarden.
"Mir hu jo scho géint Schwede gespillt, déi sech qualifizéiert hunn. Da kuckt een e bësse wéi déi spillen. Oder Länner wéi d’Belsch a Portugal, déi elo de Barragematch spillen, fir an d’Liga B. Dat si Géigner, déi mir an der Nations League kënne kréien. Dat sinn interessant Matcher, well ee jo verschidde Spillerinne kennt. Da kuckt ee bëssen anescht wéi soss."
An och fir den Dammefuttball am grousse Ganzen ass eng EM wéi déi heite wichteg, fir d’Visibilitéit ze erhéijen an de Sport weider no vir ze bréngen. Datt et fonctionéiert, weise beispillsweis d’Ticketsverkeef, an dem Dan Santos no ass een op dem richtege Wee.
"Et ass gutt organiséiert, d’Tickete sinn net ze deier. Déi lescht WM an EM ware flott, et ware vill Leit kucke komm an et war attraktiv a spannend. D’Leit appreciéieren ëmmer méi de Futtball, dee gespillt gëtt. Et ass heiansdo méi agreabel nozekucke wéi d’Männer. Et ass een normalen Trend, an et soll och sou weider goen."
Déi 4 Gruppe vun der Dammen-Europameeschterschaft am Iwwerbléck:

© AFP