Dofir gouf e Mëttwoch de Mëtten an der Stater Gemeng eng Pressekonferenz iwwer den Oflaf vun der 17. Editioun vum Marathon organiséiert. Hei louch de Fokus virun allem op de Leit, déi matlafen an och op deem, wat soss nach ronderëm de Parcours wäert lass sinn. Zueleméisseg hu sech dëst Joer esou vill Leit wéi nach ni virdrun ageschriwwen a virun allem bei de Jonke gëtt d’Evenement ëmmer méi beléift. Fir den Organisateur Erich François ass dat ee ganzt wichtegt Zeechen:
“Wir haben etwa 26 % mehr als letztes Jahr, also eine enorme Steigerung gegenüber letztem Jahr. Aber das bedeutet auch, wir sind jetzt endlich aus der Pandemie raus, die Leute laufen wieder. Man sieht es auf Instagram, viele junge Leute kommen um zu laufen, wir haben 57 % mehr in der Altersklasse zwischen 18 und 28.”
Depart an Arrivée vum Parcours sinn och dëst Joer rëm um Kierchbierg ronderëm d’Luxexpo. Vun do aus geet et da laanscht d’Philharmonie, iwwer d’rout d’Bréck op de Knuedler. Soss huet de Parcours dacks misse geännert ginn, dat ass dëst Joer allerdéngs net de Fall.
“Ich mache jetzt seit 20 Jahren tatsächlich den Luxemburg Marathon. Es ist das erste Mal, dass wir keine Änderung an der Strecke haben, minimal unten an der Strecke an der Pétrusse, das wird keiner merken, aber es ist fast nahezu unverändert. Das erste Mal, seitdem ich Marathon mache.”
Eng Ännerung gëtt et awer nach, mee dat ass fir no der Arrivée. Hei sollen d’Leefer hier Medailen an engem méi flotte Kader wéi nach zejoert iwwerreecht kréien.
“Man läuft ins Ziel ein, bei uns ist es besonders spektakulär in die Luxexpo mit viel Licht und Show wo, jeder gucken kommen kann. Aber danach geht man raus, geht in eine Halle mit Neonlicht, Betongboden, bekommt seine Medaille. Da hab ich gesagt, das müssen wir ändern. Wir haben in diesem Jahr einen Sponsor der uns da hilft, das zu machen. Wir machen ein Spektakel aus der Medaillenvergabe und das glaube ich gibt dem ganzen nochmal so einen besonderen Kick.”