Lëtzebuerger Futtballer am Ausland3:0-Victoire fir de Marvin Martins mat Casa Pia

RTL Lëtzebuerg
Am Match géint Varzim gouf et fir de Lëtzebuerger Nationalspiller dräi weider Punkten.

Sonndeg

An der zweeter portugiesescher Liga konnt sech Casa Pia mat 3:0 géint Varzim duerchsetzen. De Marvin Martins stoung beim Tabellenaachten an der Starteelef a gouf an der 83. Minutt ausgewiesselt.

Den Dirk Carlson stoung no laanger Verletzungspaus nees am Kader vu Karlsruhe. Zu engem Asaz ass et bei der 3:2-Victoire vum KSC géint Holstein Kiel awer nach net duergaangen.

Samschdeg

A Moldawien ass et fir de Sébastien Thill mat Sheriff Tiraspol e Samschdeg de Mëtteg déi nächst Victoire ginn. Bei der 7:0-Victoire géint Dinamo-Auto konnt hie sech direkt zwee Mol als Buteur androen.

Fir den Eric Veiga gouf et mat Vilafranquense an der zweeter portugiescher Liga ee Punkt. Beim 0:0 géint Cova da Piedade war hie fir 78. Minutten am Asaz.

A Griechenland stoung de Vahid Selimovic fir 45 Minutten um Terrain. Den OFI Kreta konnt géint Panetolikos zwee Mol a Féierung goen, spillt um Enn awer nëmmen 2:2 gläich.

Och fir de Maxime Chanot gouf et e Samschdeg ee Punkt mat New York City. Beim 1:1 géint den FC Toronto koum de Lëtzebuerger Defenseur 87 Minutten zum Asaz.

Fir d’Young Boys ass et an der schwäizer Super League eng 5:2-Victoire géint Luzern ginn. De Christopher Martins stoung dobäi déi ganz 90 Minutte fir de Champion fir Bern um Terrain.

Back to Top
CIM LOGO