Bei perfektem Wieder hu sech ëm déi 3.000 Kanner a 4 Kategorien e Sonndeg an den Däichwise mam ronne Lieder ameséiert. Nei ass, datt dëst Joer d’Kategorie vun de Scolaires net méi dobäi war. Amplaz koum de Concours du jeune footballeur respektiv du jeune gardien. Dëse Concours erméiglecht de Jonke sech un Hand vun engem Punktesystem selwer vu Joer zu Joer ze evaluéieren.
Bei bis zu 30 Grad an der Sonn Sport ze maachen, ass ustrengend a kéint och zu deem engen oder anere Malaise féieren. Duerch d’Gratisverdeelung vu Waasserfläschen un d’Sportler war dëst awer kee Problem.
Um nationale Futtballdag waren dëst Joer bis zu 600 Matcher op 14 Terraine programméiert. Fir déi bescht Ekippe goufen et flott Präisser ze gewannen, an deemno war d’Motivatioun, fir ze gewannen, natierlech grouss.
Fir de Spaass gouf natierlech och gesuergt. Verschidden Ateliere ronderëm de Futtball hunn d’Kanner virun, tëschent am no hire Matcher beschäftegt. Dat perfekt Wieder an eng gutt koordinéiert Organisatioun hunn dofir gesuergt, datt déi Responsabel vun der FLF natierlech ganz zefridde waren.