
Et ginn nämlech 3 Dueller an deene Veräiner aus der BGL Ligue géintenee spillen, an zwar Stroossen géint Péiteng, Munneref géint den F91 Diddeleng an de Racing géint den FC Déifferdeng 03. Da ginn et awer och zwou Partien an deenen all Kéier zwee Veräiner aus der Éierepromotioun géinteneen untrieden. Schëffleng kritt et mat Kanech ze dinn a Käerjeng, souveränen Tabelleleader, mat Weiler zum Tuer. De President vu Weiler Christian Reuter hätt sech virun allem en Heemmatch gewënscht: Dat wäert sech jidderee wënschen, deen an der 1/8-Finall dobäi ass. Reng sportlech denken ech, datt mer eng Chance hunn. Am Championnat virun e puer Wochen hate mer e bësse Pech an ech denken, datt mer nach eng kleng Rechnung mat hinnen opstoen hunn.
Monnerech, deen Zweeten aus der Promotioun, kritt et mam Lëtzebuerger Champion Fola Esch ze dinn, dozou den Trainer vum FC Monnerech Angelo Fiorucci: Mir wollten eng BGL spillen an elo hu mer d’Fola. Wéi mer fir d’lescht géint si gespillt hunn, war an der Coupe. D’Fola wollt net géint eis spillen, si haten deemools am 11-Meterschéisse géint eis verluer. Wat och flott ze wëssen ass, ass datt de Billy Bernard vun der Fola op Monnerech gewiesselt ass, an de Michael Omosanya vun Monnerech op d’Fola gaangen ass.
Den SC Beetebuerg aus der Éierepromotioun spillt bei sech doheem géint d’Etzella. E Lous mat deem een zu Beetebuerg gutt ka liewen, de President Patrick Hutmacher: D’Etzella ass eng ganz gutt Ekipp aus der BGL a si sinn och Favorit, awer wie weess, vläicht kënne mir d’Iwwerraschung maachen. Eis Prioritéit ass fir an der Éierepromotioun ze bleiwen, mä d’Coupe ass natierlech d’Kiischt um Kuch.
D’US Esch aus der Éierepromotioun kritt no der Jeunesse, nees eng schwiereg Aufgab ze léisen an dat mam Progrès Nidderkuer. D'1/8-Finalle sinn um Weekend vum 6. Abrëll d’nächst Joer programméiert.
D’Partië vun den Hären am Iwwerbléck:
Da goufen och d’Véierelsfinalle vun der Coupe des Dames ausgeloust. Hei spillt d’Fiels (D2) géint Jonglënster, d’Ent. Itzeg / CeBra géint Dikrech, de Racing kritt et mat der Ent. Wuermer / Mënsbech / CSG ze dinn a Käerjeng (D2) kritt Besuch vu Mamer. Gespillt ginn d’Matcher den 23. Mäerz 2022.