Futtball3 nei Spiller aus dem Ausland fir den FC Déifferdeng 03

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg huet den FC Déifferdeng 03 dräi Spiller presentéiert, déi d'Ekipp vum Trainer Paolo Amodio verstäerke sollen.
© FCD03

Den David Kalonji wiesselt vu Woluwe-Zaventem bei den FCD03. Den 30 Joer ale Belsch soll d’Defensiv verstäerken. Och den Théo Brusci aus Frankräich soll dobäi hëllefen.

Mam Andreas Buch kënnt dann een 1,95 Meter grousse Stiermer aus Däitschland op Déifferdeng. De 16 Joer alen Däitschen huet d’lescht Saison fir Pfeddersheim an der Oberliga Rheinland-Pfalz/Saar gespillt an huet do an 32 Matcher 23 Goler markéiert.

Back to Top
CIM LOGO