Schisprangen3 Norweger um Podium beim Weltcup zu Nizhny Tagil

RTL Lëtzebuerg
Den Halvor Egner Granerud gewënnt an enger spannender Schlussphas knapps virum Robert Johansson a dem drëtten Norweger Marius Lindvik.
© AFP

Dat zweet Sprange vum Weekend zu Nizhny Tagil a Russland huet den Halvor Egner Granerud gewonnen. Hie gewënnt mat 241.50 Punkte virum Robert Johansson, deen 240.70 Punkten hat. Bei deene leschte Sprénger haten d’Athlete mat schwéiere Wiederkonditiounen ze kämpfen.

Schonn nom 1. Duerchgang louchen 3 Norweger un der Spëtzt. De Robert Johansson mat knappe 4 Punkte virum Halvor Egner Granerud a dem Marius Lindvik. De Markus Eisenbichler, deen de stäerksten Athlet bei deenen éischte Sprange vun der Saison war, louch no sengem 1 Sprong op der 7.Plaz. Am 2. Duerchgang konnt de Däitsche sech nach op déi 4. Plaz no vir schaffen.

Back to Top
CIM LOGO