
An der hollännescher 1. Liga huet de Mica Pinto mat Sparta Rotterdam am fréien Nomëtteg mat 2:0 géint NEC Nijmegen gewonnen.
De Vincent Thill huet mat AIK Stockholm um 26. Spilldag a Schweden mat 2:1 géint Djurgardens gewonnen. De Lëtzebuerger gouf an der 65. Minutt ausgewiesselt.
Köln huet 3:2 géint Augsburg gewonnen. De Mathias Olesen fält op Säite vun de Geißböcke wéinst enger Blessur weider aus.
An Éisträich hat Austria Wien Besuch vu RB Salzburg. Bei der 1:3-Néierlag ass de Marvin Martins an der Paus agewiesselt ginn.
Um Samschdeg huet sech Mainz mat 2:0 zu Bremen duerchgesat. De Leandro Barreiro huet vun Ufank u gespillt a gouf an der 88. Minutt ausgewiesselt.
Den 2:2-Remis vu Gladbach zu Wolfsburg huet den Yvandro Borges bei de Gäscht 90 Minutte vun der Bänk aus gesinn.
An der 2. Bundesliga stoung den Eldin Dzogovic bei der 0:2-Defaite vu Magdeburg géint Braunschweig bei der Heemekipp net am Kader.
Den Danel Sinani huet et bei der 1:2-Defaite vu Norwich zu Watford och net an de Kader gepackt.
Bei der 2. Ekipp vum FC Freiburg gouf et fir Waldhof Mannheim an der 3. Liga eng batter 2:3-Néierlag. De Laurent Jans stoung wéi gewinnt déi 90 Minutten um Terrain.
Den Olivier Thill stoung bei Eyüpspor an der 2. tierkescher Liga wéinst senger Blessur net am Kader. Zu Rizespor gouf et e 0:0-Remis. Eyüpspor bleift no 9 Spilldeeg awer ganz uewen an der Tabell.
Beim 4:0-Succès vun ZSKA Sofia géint Hebar war den Enes Mahmutovic bei der Heemekipp net am Kader.
An der 3. Ronn vun der portugisescher Coupe huet Vilafranquense um Freideg auswäerts mat 0:3 géint den FC Moreirense verluer. Béid Veräiner spillen an der 2. portugisescher Liga.
De Lëtzebuerger Eric Veiga stoung an der Startopstellung vu Vilafranquese, konnt awer näischt un der Néierlag änneren. Als nächst kritt Vilafranquese et um 9. Spilldag an der Liga mam Nacional Funchal ze dinn.
An der 2. Bundesliga huet Hansa Rostock mam Sébastien Thill zu Greuther Fürth gespillt an an der leschter Sekonn nach 2:2-Remis gespillt. De Mëttelfeldspiller souz awer de ganze Match op der Bänk. Fürth ass an der 20. Minutt mat 1:0 duerch den Hrgota a Féierung gaangen. An der 31. Minutt sinn op Säite vun der Hansa den Neidhart an de Lucoqui béis mat de Käpp anenee gerannt. Béid hu mussen ausgewiesselt ginn. Nom Säitewiessel huet de Fröde fir d’Gäscht ausgeglach. Kuerz drop ass Fürth duerch den Ache awer erëm vir komm. No der giel-rouder Kaart fir de Verhoek konnt Rostock sech net vill Chancen erausspillen. An der Nospillzäit konnt de Malone op Eelefmeeter hin dach nach ausgläichen.
An der 2. Divisioun an Holland huet den ADO Den Haag 2:1 bei NAC Breda gewonnen. Den Dirk Carlson stoung bei de Gäscht net am Kader.
Den RFC Seraing mam Timtohy Martin huet an der Belsch beim KVC Westerlo 2:2 gläich gespillt. De Lëtzebuerger Golkipp huet de ganze Match vun der Bänk aus gesinn.