
Schonn e Mëttwoch waren déi éischt Deeler vum Spilldag an der Premier League, der La Liga an de Coppa Italia.
Tottenham Hotspur - Manchester United
0:1 Sancho (7'), 0:2 Rashford (44'), 1:2 Porro (56'), 2:2 Son (79')
An der Lutte ëm déi international Plaze si béid Ekippe mattendran. Manchester kämpft ëm d’Champions League wärend Tottenham nach d’Chance op d’Europa League huet. Fréi awer sinn d’Spurs an dëser Partie a Réckstand geroden, nodeem de Sancho no 7 Minutten déi éischte Kéier markéiert huet. De Rushford huet da virun der Paus esouguer nach op 2:0 fir United erhéicht. Ma Tottenham koum motivéiert aus der Kabinn an de Porro huet si no 56 Minutten nees op 1:2 erubruecht. D’Spurs waren däitlech méi am Match, wéi nach déi éischt 45 Minutten an de Son huet si an der 79. Minutt Feiere gelooss, wéi hien d’Partie ausgläiche konnt.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
AC Florenz - US Cremonese 0:0
Mat engem 2:0 aus dem Allersmatch am Réck konnt Florenz doheem am breeder Broscht oplafen. A Florenz huet dat och gewisen. Si hu probéiert no Vir ze spillen, ouni awer hir Defense aus dem Bléck ze verléieren. Dat huet dann dozou gefouert, datt ee wéineg Chance vu Cremonese zougelooss huet, selwer awer och just zu e puer gudde Chance koum, dës Partie ze gewannen. Kee Gol sollt iwwert déi 90 Minutte falen, esou datt Florenz no der Victoire am Allersmatch an der Finall steet, wou een op Inter Mailand trëfft, déi e Mëttwoch Juventus eliminéiert haten.
FC Villarreal - Espanyol Barcelona 4:2
0:1 Puado (45'), 1:1 Capoue (53'), 2:1 Parejo (63'), 2:2 Joselu (73'), 3:2 Jackson (80'), 4:2 Capoue (90'+2)
An enger Partei, wou déi eng Ekipp ëm déi international Plaze matspillt an déi aner matten am Ofstigskampf ass, ass d’Favoritteroll kloer verdeelt. Déi Roll louch an dësem Fall bei der Heemekipp, déi dat dann och laang gewisen huet. De Gros vun de Golchancen an den éischte 45 Minutten hat Villarreal, mä si kruten de Ball net iwwert d’Linn. Besser huet et de Puado an der 45. Minutt gemaach. Hei haten d’Gäscht hir éischt gutt Chance an direkt ass d’Féierung dobäi erausgesprongen. Ma Villarreal huet sech dovunner net akréie gelooss an de Capoue huet an der 53. Minutt den Ausgläich geschoss. No 63 Minutte krut d’Heemekipp en Eelefmeter zougesprach, ma déi Chance huet de Parejo leie gelooss, e puer Sekonne méi spéit, huet hien et besser gemaach, wéi den Ofpraller viru seng Féiss gefall ass an hie de Ball na just huet missten iwwert d’Linn drécken. Trotz zwee Goler an 10 Minutten hunn d’Gäscht sech net opginn an hirersäits 10 Minutten nom Réckstand d’Partie duerch de Joselu nees ausgeglach. Laang huet d’Freed awer net gehalen, well den Jackson huet an der 80. Villarreal nees a Féierung bruecht an de Capoue huet an der Nospillzäit den Deckel drop gemaach.