
Hannergrond war d’Halleffinall am FA-Cup tëschent Nottingham Forest an dem FC Liverpool, déi knapp 53.000 Spectateuren unzéie sollt. D’Supportere vu Liverpool sollten op der “Leppings-Lane"-Tribün ënnerbruecht ginn, déi eng Kapazitéit vu knapp 15.000 Leit hat. Kuerz ier de Match hätt sollen ugoen, war d’Mënschemass virum Agank vun der Tribün op 5.000 Persounen ugewuess.
Och bannen am Stadion ass en extreemt Gedrécks entstanen, well de Stroum u Leit sech op 2 Bléck op der Tribün konzentréiert huet. Noutausgäng fir op aner Bléck auszewäichen, waren zoubliwwen. D’Police huet bausse bei der Entrée dunn en drëtte Gate opgemaach, wouduerch 2.000 zousätzlech Liverpool-Fans an de Stadion gelaf sinn, déi näischt vum Gedrécks op der Tribün woussten.
Wéi de Match ugepaff gouf, hunn eng Rei Spectateure versicht, iwwert den Zonk ze kloteren, fir op aner Tribünen auszewäichen, d’Police huet dës allerdéngs fir Randaléierer gehalen an zeréck an déi iwwerfëllt Bléck gedrängt. 5 Minutten am Match huet dunn an engem vun de Bléck eng Clôture nogelooss, wouropshin eng ganz Rei Zuschauer no vir gefall sinn a Leit ënnert sech begruewen hunn. D’Police huet och zu deem Zäitpunkt keng Fans an déi aner Bléck gelooss, réischt nodeems engem Police-Responsabelen d’Situatioun bewosst ginn ass, huet dësen den Arbitter ëm en Ofbroch vum Match gebieden.
D’Rettungsdéngschter, d’Police an och aner Spectateuren hunn doropshi versicht d’Liverpool-Fans aus den iwwerfëllte Bléck z’evakuéieren a medezinesch ze betreien. 94 Mënsche sinn op der Plaz gestuerwen, 3 weiderer Deeg a Joren duerno. Blesséiert goufen insgesamt 766 Mënschen.

Wärend Jore gouf d’Responsabilitéit vun der Katastroph kontrovers diskutéiert, dat och viru Geriicht. Vun der Police huet et geheescht, alkoholiséiert Liverpool-Fans, déi randaléiert hunn, wiere Schold um Incident. Dës Behaaptung gouf och vun der brittescher Boulevardzeitung “The Sun” gestëtzt a verbreet, wat an der Regioun Liverpool zu engem Kaf-Boykott vum Blat gefouert huet, deen d’Zeitung nach bis haut ze spiere kritt.
Nodeems 1991 eng Enquête zur ëmstriddener Conclusioun koum, datt d’Affer offiziell duerch en Accident ëm d’Liewe koumen, ass de Fall 2014 vun enger neier Kommissioun op en neits opgerullt ginn. 2016 hunn dës Ënnersichungen du massiv Feeler bei der Police opgedeckt, wat Organisatioun a Kommunikatioun ugeet. 6 Persoune goufe bis ewell an Zesummenhang mat der Hillsborough-Katastroph ugeklot, dorënner den deemolege responsabale Asaz-Chef vun der Police David Duckenfield an de Graham Mackrell, deemoolege Sécherheetsresponsabele vu Sheffield Wednesday, der Ekipp, déi den Hillsborough-Stadium reegelméisseg als Stadion notzt. De Mackrell ass allerdéngs bis ewell den eenzege Verurteelten am Fall. Hien huet mussen eng Geldstrof vun ëmgerechent 8.400 Euro bezuelen, wat déi Hannerbliwwe vun den Doudesaffer als skandaléis Entscheedung ugesinn. Den Duckenfield, dee wéinst Homicide involontaire a 97 Fäll ugeklot war, gouf am Oktober zejoert fräigesprach.
Eng weider Konsequenz déi aus dem Ongléck gezu gouf a bis haut ze spieren ass, betrëfft d’Architektur vun den englesche Stadien: Zanter der Hillsborough-Katastroph goufe Stéiplazen oder Zénk a bal all Stadion op der Insel ofgeschaaft.