Titel fir Laurence St-Germain39. Plaz fir Gwyneth ten Raa am Slalom

RTL Lëtzebuerg
Op der Weltmeeschterschaft am Ski Alpin a zu Courchevel a Méribel a Frankräich kënnt d‘Gwyneth ten Raa um Samschdeg am Slalom op déi 39. Plaz.
Laurence St-Germain
Laurence St-Germain

D’Joyce ten Raa, déi eeler Schwëster vum Gwyneth ten Raa, ass dogéint fréi ausgescheet.

Nei Weltmeeschterin ass d‘Laurence St-Germain aus Kanada.

Si konnt sech virum Mikaela Shiffrin an dem Lena Dürr duerchsetzen.

Lena Dürr hëlt Bronze
Lena Dürr hëlt Bronze

Bei den Häre gouf de Joachim Keghian an der Qualifikatioun fréi eliminéiert. Och den zweete Lëtzebuerger Matthieu Osch ass no engem gudden éischte Laf an der zweeter Manche ausgescheet. Hien dierf um Sonndeg an der Haaptcourse un den Depart goen, muss awer vu vu ganz wäit hanne starten.

Biathlon

Zu Oberhof an Däitschland goufen um Samschdeg op der Weltmeeschterschaft d’Staffele bei den Dammen a bei den Häre gefuer.

Bei den Häre goung den Titel bei schwierege Wiederkonditiounen u Frankräich. Den Antonin Guigonnat, Fabien Claude, Emilien Jaquelin an de Quentin Fillon Maillet hu sech trotz enger Strofronn a 9 Nolueder am Schéisse géint d’Norweger duerchgesat. D’Ekipp ëm de Johannes Thingnes Bö, dee bis dohin a 5 Coursë 5 Goldmedaile gewanne konnt, hat um Enn e Réckstand vun iwwer 38 Sekonnen (2 Strofronnen/14 Nolueder) op d’Fransousen. De Podium gouf vu Schweden mat engem Retard vu ronn enger Minutt a 39 Sekonnen (1 Strofronn/13 Nolueder) komplettéiert.

De Weltmeeschtertitel bei den Dammen goung un Italien. D’Samuela Comola, Dorothea Wierer, d’Hannah Auchentaller an d’Lisa Vittozzi hu sech mat engem Avantage vu ronn 24 Sekonne virun Däitschland duerchgesat. Bronze war fir Schweden mat engem Réckstand vun iwwer 55 Sekonnen.

Back to Top
CIM LOGO