
Bayern konnt nom 5:1-Erfolleg zu Gladbach an der Tabell op d’Dortmund opschléissen, huet awer dat méi schlecht Golverhältnis.
LINK: Resultater an Tabell vun der Bundesliga am IwwerbléckDen Trainerstull vum Schalke-Coach Domenico Tedesco hält och no der 0:4-Defaite géint d’Fortuna Düsseldorf net op mat wackelen.
Schonn e Freideg den Owend ass de BVB iwwer Augsburg gestolpert an huet 3 Punkten hänke gelooss.
LINK: 1. Bundesliga: Augsburg wënnt 2:1 géint Dortmund
Nom éischten Duerchgang war Bayern München auswäerts zu Gladbach mat 2:1 vir. D’Goler fir den FCB hunn de Martinez an de Müller geschoss, dat an der 2. an an der 11. Spillminutt. D’Fohlen konnten an der 37. Spillminutt, no enger flotter Virlag vum Hasard, duerch de Stindl den Uschlossgol schéissen. Mat dem 1:2 aus der Siicht vun de Borussen goung et fir d’Paus an d’Kabinnen.
D’Hoffnung fir de VfL, fir de Réckstand nach eemol am zweeten Duerchgang opzehuelen, gouf an der 47. Spillminutt vum Lewandowski gestoppt. No sengem 3:1 fir den FCB ass bei de Fohlen net méi vill zesummegelaf an esou konnten déi Rout 15 Minutte viru Schluss nach een dropsetzen an de 4:1 duerch de Gnabry schéissen. An der 1. Minutt vun der Nospillzäit kruten d’Bayern dunn nach een Eelefter zougesprach, deen de polnesche Buteur verwandele konnt.
An der Veltnis Arena zu Gelsenkirchen war den Noper aus Düsseldorf op Besuch. D’Ekipp vum Trainer Funkel ass an de leschte Matcher gutt drop, esou huet eng schwiereg Aufgab op “Königsblau” gewaart. Den F95 ass gutt an de Match komm an huet a Persoun vum Lukebakio déi Schalker Ofwier ëmmer nees a Bedrängnis bruecht. An der 35. Minutt huet den Düsseldorfer Stiermer duerch een Eelefter op 1:0 gesat.
Den 2. Duerchgang goung net vill besser fir S04 weider, well an der 62. de Kownacki op 2:0 gesat huet. Ma nëmme 6 Minutte méi spéit koum et fir Schalke knëppeldéck. D’Fortuna konnt nämlech op 3:0 erhéijen, wéi de Raman mat engem Lénksschoss dat ronnt Lieder eragesat huet. De Kownacki huet ronn 5 Minutte viru Schluss dunn nach een dropgesat an S04 mat 0:4 a Réckstand bruecht - eng ganz duerchwuesse Leeschtung vu Schalke an eng luewenswäert vun der Fortuna.

Nom Trainerwiessel leeft et richteg gutt bei der Werkself. Ma d’Ekipp aus dem Breisgau ënnert der Leedung vum Trainer Streich ass ëmmer nees fir eng Iwwerraschung gutt. An der 4. Spillminutt huet Bayer awer direkt markéiert, dat a Persoun vum Aranguiz - mam 1:0 fir d’Heemekipp goung et dunn an d’Paus.
Nom Téi hat Leverkusen weider Chancen, ma krut awer virum eegene Public keen eran. An der 73. war et dunn awer esou wäit, wéi de Bailey op 2:0 setze konnt. Duerno huet d’Werkself näischt méi ubrenne gelooss a sech um Enn déi 3 Punkte geséchert.
Zwou offensiv staark Ekippe sinn am Waldstadion zu Frankfurt openee getraff. Rebic, Jovic an Haller gëllen als ee vun de geféierlechste Stiermer-Trioen an Europa an esou wollte si der Hoffenheimer Ofwier Problemer bereeden. D’TSG hat sech awer op déi offensiv staark Frankfurter agestallt a war no der Stonn Spillzäit mat 2:1 a Féierung.
An der 20. Minutt hat de Rebic fir d’Eintracht getraff an an der 43. konnt de Joelinton fir d’TSG ee wonnerbare Gol a soumat den Ausgläich markéieren. Ebe genee op der Stonn huet de Belfodil d’Jonge vun Sinsheim mat 2:1 virbruecht, ma kuerz viru Schluss konnt den Haller mat engem Käpper op 2:2 ausgläichen.
6 Minutten Nospillzäit huet den Arbitter-Trio accordéiert an dovu konnt Frankfurt profitéieren, fir nach ee Lucky Punch ze setzen. No engem Käpper vum agewiesselte Paciencia konnt d’Eintracht an der 96. Spillminutt déi 3 Punkte kloermaachen.
Mainz ass am Berliner Olympiastadion géint eng kierperlech staark Ekipp vun der Hertha getraff. No e puer méi schwaache Leeschtunge wollt de Club vum Lëtzebuerger Leandro Barreiro mol nees punkten. No 45 gespillte Minutte war keng Ekipp am Avantage.
Am 2. Duerchgang sinn d’Goler gefall, ugefaangen an der 46. Spillminutt duerch ee Selbstgol vum Berliner Stark - Mainz ass doduerch bësse glécklech a Féierung gaangen. D’Äntwert vun der Hertha huet net laang op sech waarde gelooss an et war de Grujic, deen an der 50. op 1:1 setze konnt. 10 Minutte méi spéit huet de Stark dunn an dee richtege Gol getraff a seng Faarwen op 2:1 op d’Gewënnerstrooss bruecht. Mainz konnt an der Schlussphas kee méi dropsetzen a soumat war d’Victoire fir Berlin kloer.
D’Rollen an der Partie tëscht Nürnberg a Leipzig waren am Ostduell kloer verdeelt. RB wëll an d’Champions League an dofir huet missen eng Victoire hier. Ma de Club hat awer an der 10. Spillminutt d’Chance, fir mat 1:0 a Féierung ze goen. Ma de Behrens huet den Eelefter verschoss. D’Rechnung koum dunn an der 40. Spillminutt, wéi de Klostermann Leipzig mat 1:0 vir brénge konnt.
Nürnberg hat géint den RB net vill entgéintzesetzen a Leipzig huet de Virsprong geréiert an um Enn mat 1:0 iwwer d’Bün bruecht.