
Aus dem Dressur-Reitsport kënnt ee ganz gutt Resultat vum Nicolas Wagner.
Bei engem CDI5* koum hien zu Doha am Katar mat sengem Päerd Quater Back Junior op déi 5. Plaz.
No dësem Resultat, konnt de Lëtzebuerger sech am Grand Prix Special mat 74,128% duerchsetzen.
D’Resultater op Equipe.com
Den Nicolas Wagner ass jo och qualifizéiert fir d’Olympesch Spiller dëst Joer zu Tokyo a Japan.