Liichtathletik6,19 Meter: Duplantis verbessert Weltrekord am Stafhéichsprong

RTL Lëtzebuerg
De schwedesche Stafhéichsprénger Armand Duplantis huet säi Weltrekord op en Neits verbessert.
© AFP

Den Olympiagewënner Armand Duplantis ass e Méindeg bei engem Indoor-Meeting zu Belgrad eng Héicht vu 6,19 Meter gesprongen an huet domadder säin eegene Weltrekord ëm een Zentimeter verbessert. Deen ale Weltrekord hat hien de 15. Februar 2020 zu Glasgow opgestallt.

“Ech mengen, ech hunn déi 6,19 Meter 50-mol versicht”, sou den Duplantis. “Et huet laang gedauert. Ech hat nach ni eng Héicht, déi mir esou vill Problemer gemaach huet, dofir ass et e ganz gutt Gefill. Ech hu mir dat déi zwee lescht Joer haart erkämpft.”

Den 22 Joer ale Sportler war dëse Wanter bei de Meetingen zu Karlsruhe an zu Berlin nach knapp un de 6,19 Meter gescheitert. Zu Belgrad, wou vum 18. bis den 20. Mäerz och d’Indoor-WM an der Liichtathletik organiséiert gëtt, huet et elo am drëtte Versuch geklappt. De Schwed ass domadder och de grousse Favorit op de WM-Titel.

Back to Top
CIM LOGO