
De serbeschen Tennisstar Novak Djokovic huet e Sonndeg zu Turin fir déi sechste Kéier d’ATP-Finals vun den aacht joresbeschte Spiller gewonnen an ass domadder mam Rekord vum Schwäizer Roger Federer gläichgezunn.
A senger aachter Finall beim mat 14,75 Milliounen Dollar dotéiere Joresofschlosstournoi vun der ATP-Tour ass de 35 Joer ale Wimbledongewënner géint den norwegesche French-Open- an US-Open-Finalist Casper Rudd duerch ee 7:5 a 6:3 d’Successioun vum Aexander Zverev ugetrueden.