Internationale Futtball7:0 - Liverpool iwwerrennt Manchester United

RTL Lëtzebuerg
An der englescher Premier League huet den FC Liverpool e Sonndeg souverän mat 7:0 géint Manchester United gewonnen.
© AFP

Donieft huet Barcelona sech mat 1:0 géint Valencia duerchgesat.

Premier League

FC Liverpool - Manchester United 7:0
1:0 Gakpo (43'), 2:0 Darwin (47'), 3:0 Gakpo (50'), 4:0 Salah (66'), 5:0 Darwin (75'), 6:0 Salah (83'), 7:0 Firmino (88')

Manchester United huet e Sonndeg e richtegt Debakel erlieft. Nodeems déi éischt Hallschent nach relativ ausgeglach war, stoung et just 1:0 fir Liverpool duerch e Gol vum Gakpo. An der zweeter Hallschent hunn d’Jonge vum Trainer Jürgen Klopp de Géigner dunn awer komplett un d’Mauer gespillt a ganzer 6 Goler geschoss, fir um Enn mat 7:0 ze gewannen. Den Darwin Nunez, de Cody Gakpo, de Mo Salah an de Roberto Firmino hunn d’Goler geschoss.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

La Liga

FC Barcelona - FC Valencia 1:0
1:0 Raphinha (15')

Barcelona wënnt knapp mat 1:0 géint Valencia. Den eenzege Gol vum Match huet de Raphinha an der 15. Minutt geschoss. Vun der 59. Minutt un hunn d’Katalanen an Ënnerzuel misse spillen, datt well den Araujo déi rout Kaart gewise krut.

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO