Wéinst dem schlechte Wieder7. Spilldag vun der BGL Ligue huet misse verluecht ginn

RTL Lëtzebuerg
Net just d'Matcher an der héchster Divisioun vum nationale Futtballchampionnat si wéinst de schlechte Wiederkonditioune verluecht ginn.

Déi aacht Partië vum siwente Spilldag, déi fir e Mëttwoch den Owend programméiert waren, sinn op de Mëttwoch 1. Oktober rapportéiert ginn.

Donieft huet d’FLF an hirem Communiqué matgedeelt, dass och de Match aus der 1. Divisioun 1. Bezierk tëscht Schieren a Mäerzeg op den 1. Oktober verluecht ginn ass.

Weider Matcher, déi wéinst de Wiederkonditiounen net gespillt kënne ginn, sinn déi véier Partië vun der Coupe FLF, déi och fir e Mëttwoch Owend ugesat waren. Och si sinn elo fir den 1. Oktober geplangt.

De Communiqué vun der FLF.

Back to Top
CIM LOGO