
8 vu 14 Veräiner aus der BGL-Ligue, der ieweschter Divisioun am Lëtzebuerger Futtball, solle sech RTL-Informatiounen no fir e Stopp vun der aktueller Saison ausgeschwat hunn.
D’LFL, d’Lëtzebuerger Futtball Ligue, hat de Kolleege vun der geschriwwener Press confirméiert, datt ronn 60% vun de gefrote Veräiner, do sinn der och nach 2 aus der Éierepromotioun dobäi, fir den Ofbroch vun dëser Spillzäit sinn. D’lescht Woch nach hat d’Uefa, déi europäesch Futtball Unioun, hire Memberverbänn wäermstens un d’Häerz geluecht, d’Saison, wann et no der Corona-Kris bis méiglech ass, op en Enn ze spillen, soss misst e Land domat rechnen, datt seng Clibb net fir déi europäesch Kompetitiounen zeréckbehale géife ginn.
D’FLF huet hei am Land de Spillbetrib emol bis de 27. Abrëll op Äis geluecht.
D’Belsch Futtballfederatioun hat jo d‘lescht Woch schonn decidéiert, d‘Saison net fäerdeg ze spillen. Et ass awer schonn ze héieren, datt eis belsch Noperen eventuell nees zeréckruddere kéinten.
