
En Donneschdeg den Owend war zu Zürich an der Schwäiz d’Finall vun der Diamond League an der Liichtathletik. Mam Patrizia van der Weken war eng Lëtzebuergerin vertrueden. Iwwer 100 Meter ass si op déi 9. Plaz gelaf. Fir d’Lëtzebuergerin, déi aktuell mat e puer gesondheetleche Problemer geplot ass, ass de Chrono no 11,26 Sekonne stoe bliwwen.
Gewonne gouf d’Course vun der Olympiagewënnerin Julien Alfred aus St. Lucia an 10,76 Sekonnen. D’Plazen 2 an 3 ware fir d’Jamaikanerin Tia Clayton (10,84 Sekonnen) an d’Marie-Josée Ta Lou-Smith (10,92 Sekonnen) vun der Côte d’Ivoire.

No sengem Exploit de leschte Freideg zu Bréissel war de Ruben Querinjean och fir d’Finall iwwer 3.000 Meter Steeple qualifizéiert. De Lëtzebuerger huet awer op e Start verzicht.