
Am Frëndschaftslännermatch géint d’Belsch zu Genk, hat den deemolegen Belsch Nationaltrainer Marc Wilmots 7 Spiller gewiesselt, am Plaz vun den erlaabte 6, an dofir gouf déi Partie u sech aus de Statistike gestrach. Bei der Lëtzebuerger Fussballfederatioun ass een där Saach, ob de Portugalmatch dann elo dem Luc Holtz säin 100. war, ganz genee nogaangen. Dozou den FLF-Generalsekretär Joël Wolff:
Wat d’Zuel vum Luc Holtz senge Matcher als Trainer ugeet, hu mer dat bei der FIFA nogefrot. De Frëndschaftslännermatch gouf vun der FIFA annuléiert, an d’Selektioune vun de Spiller zielen net. Bei den Trainer gëtt et awer esou eng Statistik mat de Selektiounen net. Bei der FLF geet een also dovun aus, datt de Luc Holtz an 100 Lännermatcher fir d’Rout Léiwen am Asaz war.
Dat heescht, bei der FLF zielt een also dee Match géint d’Belsch beim Luc Holtz sengen Asätz als Trainer mat. Och wann de Coach vun de Roude Léiwe lo en Dënschdeg nach net fir säin 100. Match geéiert gouf, esou wäert dat awer nach nogeholl ginn:
Mir musse kucken, ob mir dat intern bei der FLF maachen oder beim nächste Frëndschaftslännermatch am Juni.
An do ass et dann d’Fro, ob dat da schonn am neie nationale Futtball- a Rugbystadion gemaach géif ginn, oder awer nach ëmmer op der Areler Strooss am Stade Josy Barthel. Egal wou et ass... d’Lëtzebuerger Futtballnationalekipp huet schonn déi exzeptionell Situatioun, datt souwuel de Rekordnationaltrainer, wéi och de Rekordnationalspiller zesummen op der Trainerbänk sëtzen. Ee vum Luc Holtz sengen Assistenten ass jo de Mario Mutsch, deen als eenzege Lëtzebuerger Spiller d'100 Selektioune-Mark geknackt huet.